Gazakrich
Net-palästinenseschen UNO-Mataarbechter ëm d'Liewe komm

Am Gazakrich ass fir d’éischte Kéier zanter dem Ufank vum Konflikt am Oktober, en UNO-Mataarbechter ëmkomm, deen net déi palästinensesch Nationalitéit hat.
De Porte-Parole vum UNO-Generalsekretär Guterres huet dat confirméiert, ouni Detailer ze nennen. Just esouvill: e weidere Mataarbechter wier blesséiert ginn, an et wier d’Resultat vun enger Attack op hiert Gefier, no bei der Stad Rafah.
Ween ugegraff huet, a wéi, gouf net genannt.
Den Auto wier awer ganz kloer als UNO-Gefier markéiert gewiescht.
Bis ewell si ronn 200 Mataarbechter vun UNO-Organisatiounen ëmkomm, déi awer all e palästinensesche Pass haten.
Am meeschte gelies