Et war déi gréisste Katastroph an der Geschicht vum brittesche Gesondheetssystem. Wärend méi wéi 20 Joer ware kontaminéiert Bluttkonserven am Ëmlaf.

Iwwer 30.000 Mënschen hate sech a Groussbritannien tëscht 1970 an Ugangs den 1990er Jore mat Krankheeten ewéi HIV oder Hepatitt infizéiert, nodeems si eng Blutttransfusioun mat Konserve kruten, an deene kontaminéiert Blutt war. Dat geet aus engem Enquête-Rapport ervir, deen e Méindeg publizéiert gouf.

Wéi et an deem 2.500 Säite laangen Dokument heescht, wiere ronn 3.000 Mënsche wéinst de veronrengegte Konserve gestuerwen. Bannent den nächste Jore wiere weider Doudesaffer ze erwaarden. Vill Patienten hunn iwwerdeems mat liewenslaange gesondheetleche Probleemer ze kämpfen.

De Skandal war jorelaang vertuscht ginn. Dat huet och de brittesche Premierminister Sunak e Méindeg am Parlament confirméiert. Persounen a Macht- a Vertrauenspositiounen hätten ëmmer nees d'Méiglechkeet gehat, d'Iwwerdroung vun de Krankheeten ze stoppen, mä si hätte versot.

De Rishi Sunak huet sech offiziell bei den Affer vum Skandal entschëllegt an annoncéiert, dass de brittesche Staat si entschiedege géif.