
Den éischte Stack ass bis an de Keller erof gefall. Eng méiglech Iwwerlaaschtung, also ze vill Leit, kéint d’Ongléck ausgeléist hunn. De virleefege Bilan: 4 Doudeger an 16 Blesséierter, dovu 7 schwéier verwonnt.
Leschten Informatiounen no handelt et sech bei den Doudesaffer ëm zwou däitsch Touristinne vun 20, respektiv 30 Joer, grad ewéi eng 23 Joer jonk Spuenierin an e 44 Joer ale Mann aus dem Senegal. Dat huet d’Police vu Palma um Freideg de Moie matgedeelt. An enger éischter Meldung hat de Buergermeeschter vu Palma matgedeelt, et géif sech bei den Affer héchstwarscheinlech ëm englesch Touristen handelen. Déi Informatioun sollt sech als falsch erausstellen.
Zwee Blesséierter schwiewen a Liewensgefor.
Et handelt sech beim Gebai ëm de “Medusa Beach Club”, direkt op der Plage an nëmmen e puer Stroosse vu Kultlokaler wéi “Megapark” oder “Bierkönig” ewech.
D’Gebaier ronderëm goufen evakuéiert an d’Digue am Beräich vun der Onglécksplaz bleift bis op Weideres gespaart.