Dëst ass schonn den zweete Fall an de leschte Wochen, bei deem e Kand am Auto vergiess gouf an dat net iwwerlieft huet.

Zu Carpentras am franséischen Departement Vaucluse gouf e Puppelchen dout an engem Auto fonnt. 
De Papp hat dat 7 Méint aalt Kand am Won vergiess, wéi hien e Mëttwoch de Moien um 9 Auer schaffe gaangen ass. 
 
Um 16.45 gouf d'Kand fonnt, d'Rettungsdéngschter goufen och direkt geruff, mä si konnte just nach den Doud vum Bëbee confirméieren. E war bal 8 Stonne bei iwwer 30 Grad am Auto agespaart.
 
D'Zeitung La Provence schreift, de 35 Joer ale Papp stéing ënner Schock an d'Mamm géif vun engem psychologesche Service betreit ginn. 
 
De Parquet vu Carpentras waart elo drop, fir Zeie kënnen ze héieren a virun allem de Papp selwer. Eréischt duerno kann eng Decisioun iwwer penal Suitte geholl ginn. 
 
En änleche Fall gouf et eréischt Enn Mee am Elsass. Do war e Bouf vu 16 Méint am Auto vu sengem Papp gestuerwen, well dee Moies vergiess hat, d'Kand an d'Crèche ze bréngen.