Frontal a Bëtongspilier gerannt
Op d'mannst 10 Doudeger an 42 Blesséierter no Accident mat Reesbus a Brasilien
© AFP
Zu engem dramateschen Accident mat engem Reesbus koum et e Freideg de Moien an der Géigend vun der Stad Itapetininga, am Südoste vu Brasilien.
De Reesbus hat ee Pilier vun enger Bréck ze pake kritt an ass a Brand geroden, sou d'Sécherheetsautoritéite vum Bundesstaat São Paulo. Op d'mannst 10 Persoune sinn op der Plaz gestuerwen, 42 goufe verwonnt, dorënner 5 uerg. Si koumen an e puer Spideeler.
Geschitt ass den Accident an de fréie Moiesstonnen net wäit vun Itapetininga, 170 Kilometer westlech vu São Paulo. Wéi et heescht hat de Bus eng "mechanesch Pann", dat misst allerdéngs nach gekläert ginn. De Buschauffer hätt dowéinst d'Kontroll iwwer de Reesbus verluer.
Am meeschte gelies