Däitsch Police féiert Perquisitioune géint radikal Islamisten duerch
"Blaue Moschee" zu Hamburg wärend enger Perquisitioun am November 2023. / © AFP/Axel Heimken
Besonnesch déi sougenannt "Blaue Moschee" vum Islameschen Zenter zu Hamburg steet am Haaptfokus vun den Ermëttler. Den IZH gouf iwwerdeems verbueden.
Géint d'"Imam Ali Moschee", wéi se och heescht, géif de Verdacht bestoen, dass dës an Däitschland als Propagandazenter fir den iranesche Regime agéiert, heescht et vu verschiddene Medien. De responsabelen islamesche Veräin "Islamisches Zentrum Hamburg", gouf zanter Joerzéngte vum Verfassungsschutz observéiert an ass elo op Uerder vum däitschen Inneministère verbuede ginn. Eng Decisioun, déi schonn zanter Jore gefuerdert gouf.
Gréisser Perquisitioune géint d'"Blaue Moschee" a 54 weider Objete vu radikalen Islamisten a 6 weidere Bundeslänner gouf et schonn de 16. November 2023. Dobäi goufe Boergeld, Handyen, Laptoppen an en Tresor séchergestallt. D'Resultater vun der aktueller Razzia, wéi och Informatiounen iwwer méiglech Festnamen, ginn et den Ament keng.