Unioun verlaangt strikt Mesurë bei der Migratioun a Grenzkontrollen
© KAY NIETFELD / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
No der déidlecher Messerattack zu Solingen diskutéiert déi däitsch Politik iwwer Konsequenzen.
Deeler vun der Oppositioun verlaange strikt Changementer bei der Migratiounspolitik, och de Friedrich Merz. De Fraktiounschef vun der Unioun huet en Dënschdeg Rendezvous mam SPD-Bundeskanzler Olaf Scholz.
En islamistescht Attentat vun engem Flüchtling, dee sech net méi an Däitschland hätt dierfen ophalen. No den Evenementer vu Solingen mat dräi Doudesaffer ginn d‘Stëmme méi haart, fir méi eng strikt Schinn a punkto Migratiounspolitik ze fueren.
Et geet elo duer, schreift de de Friedrich Merz – Fraktiounschef vun der Unioun an enger Zort Brandbréif a formuléiert dat de Weekend och sou änlech an der Sendung "ARD-Brennpunkt":
"Dass wir aufhören, eine naive Einwanderungspolitik zu machen und dass wir vor allem dafür sorgen, dass diejenigen, die zu uns kommen, sich wirklich ohne Wenn und Aber an die Regeln unseres Landes halten und wenn sie das nicht tun, dieses Land auch wieder verlassen. Wir diskutieren jetzt seit drei Monaten über die Folgen aus Mannheim. Ich höre dieselben Worte des Bundeskanzlers, der Innenministerin, jetzt in Solingen. Es reicht!"
D‘Unioun verlaangt ënner anerem, datt den Accueil vu Leit aus Syrien an Afghanistan gestoppt gëtt, an datt refuséiert Asyldemandeuren aus deene Länner och dohi kënnen expulséiert ginn. Dernieft sollen d‘Grenzkontrolle verlängert ginn.
De Friedrich Merz wëll dem Bundeskanzler Olaf Scholz en Dënschdeg eng Rëtsch Proposen op den Dësch leeën. Wat bei där Reunioun erauskoum, ass nach net gewosst.
D‘SPD an déi Gréng verweisen drop, datt verschidde Fuerderunge vum Friedrich Merz rechtlech gesi guer net ze realiséiere sinn. De Bundeskanzler Olaf Scholz huet fir säin Deel versprach, datt d‘Wafferecht soll verschäerft ginn.
D‘Analyse géinge gemaach ginn an dono kéimen entspriechend Moossnamen, sot d‘SPD-Inneministesch Nancy Faeser de Weekend an d‘Mikroe vun der Press. Fir si wier et wichteg, datt d‘Land grad elo zesummenhält:
"Und lassen es auch nicht zu, dass ein solch furchtbarer Anschlag die Gesellschaft spaltet. Deswegen auch mein dringender Appell an denjenigen, die jetzt Hass sehen wollen nach dieser furchtbaren Tat, lassen Sie sich nicht davon beeindrucken, diese Gesellschaft muss jetzt gerade in solch schweren Stunden zusammenstehen."
Eng Fro, déi sech stellt ass déi, ob de Virfall vu Solingen en Impakt op d'Walen nächste Sonndeg a Sachsen an Thüringen wäert hunn. Ëmfroe soen der rietser AFD eng Walvictoire- an de Regierungsparteien e Fiasko viraus.
D‘AFD-Cheffin Alice Weidel verlaangt dëser Deeg op ZDF, datt d‘Migratiounspolitik komplett ëmgekrempelt misst ginn an zwar direkt. D‘Immigratioun, den Accueil an d‘Naturalisatioune misste fir 5 Joer gestoppt ginn, sou d'Alice Weidel.