Déi nei franséisch Regierung wäert net vum Front Populaire geleet ginn. Sou huet et e Méindeg am Schreiwes vum franséische President Macron geheescht.

Och iwwer 40 Deeg no den Neiwale gëtt et nach ëmmer keng nei Regierung a Frankräich. Allerdéngs huet de President Macron jo ausgeschloss, dass des géif vum Nouveau Front Populaire, also vun der Allianz vun de Lénks-Parteien, geleet ginn. Dës géif vun den anere Parteien, déi an der Assemblée nationale vertruede sinn, net acceptéiert.

Nodeems d’Lucie Castets, Spëtzekandidatin vum Nouveau Front Populaire an den Olivier Faure, Generalsekretär vum Parti socialiste dem Staatschef reprochéiert hunn, d’Demokratie net ze respektéieren, huet d’France insoumise en Appell fir eng Manifestatioun lancéiert, géint dem Präsident säi ‘’coup de force’’. Dëse Rassemblement ass fir de 7. September geplangt an all d’politesch Parteien, Gewerkschaften an Associatiounen, déi d’Demokratie verdeedege wéilten, wieren invitéiert, sech unzeschléissen.

D'Reaktioune bloufen net aus. Esou erënnert den Eric Ciotti, Deputéierte vum Departement Alpes Maritimes, dorunner, dass d’Deputéiert vum Nouveau Front Populaire mat 30 Prozent an der Assemblée nationale keng absolut Majoritéit hunn. Den Appell fir eng Manifestatioun wier duerfir inacceptabel.

De PS-Deputéierten Arthur Delaporte weist méi Versteesdemech fir d’Bierger, déi op d’Strooss wëlle goen, fënnt awer, dass eng Manifestatioun fir den Ament net déi richteg Léisung wier. Et géing elo virun allem dorëmmer goen, d’politesch Diskussioun ze sichen.

Weider Reaktioune sinn an den nächsten Deeg ze erwaarden, notamment och vum President Macron selwer.