D’Regierung hätt eng Majoritéit a géing hir Aufgaben erfëllen. Hie wéilt mat senger Aarbecht virufueren a bei den nächste Walen e staarkt Mandat kréien.

Trotz de schlechte Walresultater vun der Koalitioun bei de Landtagswalen an trotz de schlechten Sondagë wëll den däitsche Bundeskanzler Scholz d’Vertrauensfro am Bundestag net stellen an domadder virgezunnen Neiwalen an d’Weeër leeden. Dat sot hien e Sonndeg de Mëtteg am ZDF-Summerinterview.

D’Regierung hätt eng Majoritéit a géing hir Aufgaben erfëllen. Hie wéilt och mat senger Aarbecht virufueren a bei den nächste Walen e staarkt Mandat kréien. Hie wéisst awer och, dass d’Regierungsbildung an Zukunft net ganz einfach wäert ginn.

Zum Thema Migratioun sot de Scholz, d’Ampel-Koalitioun hätt dat net ënnerschat. Et géingen aktuell scho Flüchtlingen aus dem Land gewise ginn an et géingen och vill Grenz-Kontrolle ginn. Den Olaf Scholz huet sech awer och kompromëssbereet gewisen, fir d’Gespréicher an d’Propose vun der Oppositioun. Et kéint ee punkto Management vun de Grenzen nach eng Schëpp noleeën, soulaang et am Kader vun den internationale Verträg an dem däitschen Grondgesetz wier.