Nom Passage vum Taifun Yagi am Vietnam schwätzt en neie Bilan vun op d'mannst 87 Doudesaffer a ganz vill Blesséierter.

Dosende Leit gi weiderhi vermësst. Staark Iwwerschwemmungen a Bullislawine maachen et de Secouriste ganz schwiereg an déi sinistréiert Gebidder am Norde vum Land bäizekommen.

Knapp 100 Blesséierter géife weider op Hëllef waarden.