De "Milton", deen op Florida zoukënnt, huet elo Hurrikan-Level 5 erreecht
D'Bewunner vu Florida, wéi hei zum Palm Harbor" preparéiere sech op den nächste Stuerm. / © AFP/Bryan R. SMITH
De Stuerm "Milton", deen aktuell nach am Golf vum Mexiko ënnerwee ass, huet e Méindeg den Niveau vun engem Hurrikan vum Level 5 erreecht.
Dëst kéint méiglech katastrophal Suitte matsechbréngen an dat just kuerz, nodeem de Stuerm "Helene" op de Südoste vun den USA getraff ass.
Den US-Zentrum fir Hurrikanen huet matgedeelt, datt de "Milton" antëscht Wandvitesse vu bis zu 257 Kilometer an der Stonn erreecht huet. De Stuerm huet séier u Kraaft gewonnen a gouf vum NHC no just e puer Stonne vum Niveau 3 op den Niveau 5 eropgesat.
De Previsiounen no wäert de "Milton" als éischt déi mexikanesch Hallefinsel Yucatan treffen an dann e Mëttwoch op der Westküst vum US-Bundesstaat Florida op Land treffen. De Gouverneur vum Bundesstaat Ron DeSantis huet a ville Bezierker den Noutstand ausgeruff, fir e Méindeg goufe schonn éischt Evakuatiounen ordonéiert.
D'Cheffin vum US-Katastropheschutz FEMA d'Deanne Criswell sot dem Sender ABC, datt déi national Autoritéite sech op de Stuerm géife virbereeden an déi regional Autoritéite zousätzlech Mëttel zu Verfügung gestallt géife kréien.
Nieft Florida goufen och nach aner Bundesstaaten am Südoste vun den USA eréischt Enn September vum Stuerm "Helene" getraff. Dee Stuerm, deen och mat der Stäerkt vun engem Hurrikan op Land getraff ass, huet fir vill Schied gesuergt. Esou goufe Gebaier beschiedegt oder komplett zerstéiert a vill Plaze waren ouni Stroum. Aktuellen Zuele vun den US-Autoritéiten no sinn op d'mannst 225 Leit duerch d'Helene ëmkomm. Domadder war dëst nom Hurrikan "Katrina" aus dem Joer 2005 dee Stuerm mat den uergste Suitte aus de leschte 50 Joer an den USA.