Et geet ëm "Liewen an Doud"Hurrikan Milton: Populatioun opgeruff, Regioun ze verloossen

RTL Lëtzebuerg
An engem dramateschen Appell huet den US-President Joe Biden d'Awunner vu Florida opgefuerdert, sech virum Hurrikan "Milton" a Sécherheet ze bréngen.

Et géif, ouni ze iwwerdreiwen, ëm Liewen an Doud goen, esou den Joe Biden en Dënschdegowend amerikanescher Zäit. Dem amerikaneschen Hurrikan-Zenter no soll de “Milton” e Mëttwochowend lokaler Zäit a Florida op amerikanescht Festland treffen. Op senger Trajectoire iwwert de Golf vu Mexiko hätt de Stuerm nees Vitess opgeholl a wier op en Neits zu engem Hurrikan vun der héchster Kategorie, der Kategorie 5 ginn. Am Zentrum vum Stuerm soll de Wand Vitesse vu maximal 270 Stonnekilometer erreechen.

Et geet ëm "Liewen an Doud"
Awunner vu Florida ginn opgeruff, sech virum Hurrikan “Milton” a Sécherheet ze bréngen.

Den Joe Biden huet wéinst dem Hurrikan jo seng offiziell Visitt an Däitschland ofgesot. Dem US-President no kéint de “Milton” dee schlëmmste Stuerm ginn, deen zanter méi ewéi 100 Joer op Florida trëfft. D’Bewunner vun de betraffene Gebidder sollte sech “direkt, direkt, direkt” a Sécherheet bréngen.

© BRENDAN SMIALOWSKI AFP

De Gouverneur vu Florida Ron DeSantis huet gewarnt, dass e groussen Deel vum Bundesstaat kéint vum Hurrikan touchéiert ginn.

Eng Partie Fluchgesellschaften hunn zousätzlech Flich ageriicht, fir dass d’Leit déi potenziell betraffe Gebidder kënne verloossen. Ma vill Leit versichen och mam Auto ze flüchten. Dat suergt fir laang Stauen op den Highwayen a fir Enkpäss beim Bensinn.

An de Gebidder, déi virun zwou Woche vum Stuerm “Helene” betraff waren, si Fräiwëlleger domat beschäftegt, Géigestänn vun de Stroossen ze raumen, déi duerch de Wand zu geféierleche Projektiller kéinte ginn. Dem Hurrikan-Expert Michael Lowry no géif der Regioun Tampa eng duebelt esou héich Flut dreeën, ewéi beim “Helene”.

Back to Top
CIM LOGO