Zwee ëmstridden italieenesch Migratiounszenteren an Albanien solle fäerdeg sinn
© ADNAN BECI / AFP
D'Press krut déi Zentren an der albanescher Hafestad Shëngjin - op italieenesch seet ee San Giovanni di Medua - gewisen.
D'Strukture kéinten a Betrib geholl ginn, sot den italieeneschen Ambassadeur an Albanien e Freideg. Do sollen d'Asyldemande vu Migrante baussent der EU verschafft ginn. An der éischter Struktur sollen si registréiert ginn.
20 Kilometer weider an enger fréierer Militärbase solle si dann op eng Decisioun an hirem Dossier waarden.
Nëmme mat engem Accord dierfe si an Italien areesen. Vulnerabel Migranten - virop Fraen a Kanner - kënnen direkt an Italien bruecht ginn.
D'Ariichtunge waren am November zejoert vun der italieenescher Regierungscheffin Giorgia Meloni an hirem albanesche Kolleeg Edi Rama decidéiert ginn.
Italien an Ungarn hate proposéiert, de Prinzip an der ganzer Europäescher Unioun z'adaptéieren. Och sollten Zentre baussent der EU geschaaft ginn, an déi illegal Migranten, respektiv refuséiert Asyldemandeuren, sollen zeréckgeschéckt ginn.
Lëtzebuerg géif sech där Diskussioun net verschléissen, esou den Inneminister Léon Gloden en Donneschdeg no der Reunioun vun den EU-Inneministeren. D'Thema kéint et op den Ordre du jour vum Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen d'nächst Woch zu Bréissel packen.