Frankräich huet d'EU-Kommissioun driwwer informéiert, dass et nees zu Grenzkontrolle mat de 6 Nopeschlänner kënnt.

Betraff sinn nieft Lëtzebuerg och d'Belsch, Däitschland, d'Schwäiz, Spuenien an Italien. Frankräich mécht et deemno d'selwecht wéi Däitschland a nennt Sécherheetsrisiken als Grond, dat z.B. duerch Terrorismus oder illegal Immigratioun.  Virun engem Mount eréischt huet Däitschland jo nees ugefaange seng Grenzen ze kontrolléieren.

Ma och aner Länner huelen änlech Precautiounen. Sou ginn an Éisträich zanter e Mëttwoch nees temporär Kontrollen op de Grenze mat der Slowakei, respektiv mat Tschechien.

Länner wéi Norwegen, Schweden oder Dänemark verstäerken hir Grenzkontrolle dann och bis Mëtt 2025.