D'Loftverknaschtung huet den Ament net nëmmen zu New Delhi an Indien, mä och an der pakistanesche Stad Lahore en neie Rekord erreecht.

Der Weltgesondheetsorganisatioun no, géif d'Belaaschtung zu Lahore haut méi wéi 80 mol iwwert dem zougeloossene Grenzwäert leien. Den Indice fir d'Loftqualitéit ze moosse war e Samschdeg op iwwer 1000 geklommen. Vun 180 u schwätzt d'OMS vu schlechter Loft.

New Delhi louch gëschter schonn ënner gëftegem Smog, dat ënnert anerem well d'Leit sech net un d'Verbuet gehalen hu fir dat indescht fest Diwali keng Freedefeier an d'Luucht ze schéissen, fir d'Atmosphär net nach zousätzlech ze belaaschten. D'Miessungen an der indescher Metropol waren déi lescht Deeg 30 mol sou héich wéi d'OMS et recommandéiert.

Diwali ass e wichtegt Fest fir d'Hinduen. Freedefeier gehéieren traditionell dozou wann d'Inder d'Victoire vum Liicht iwwert d'Däischtert feieren.