Am leschte Sprint vun der Saison start den australesche McLaren-Pilot vun der Pole. De L.Norris gëtt den Drëtten, de M.Verstappen start just vu Plaz 6.

Den Oscar Piastri huet sech gefaangen an hält seng Chancen op de WM-Titel, op d'mannst virleefeg, um Liewen. Hie konnt sech mat enger Avance vun 32 Dausendstel d'Pole Position fir de Sprint vum Grousse Präis vu Katar sécheren. Vu Plaz 2 fiert de Mercedes-Pilot George Russell fort, virum Piastri sengem Teamkolleeg a WM-Leader Lando Norris, deem seng Qualifying-Zäit no engem Feeler an der leschter Kéier just fir déi drëtte Startpositioun duergoung.

Iwwerraschend huet sech den Aston-Martin-Pilot Fernando Alonso op Plaz 4 klasséiert. Bal nach méi onerwaart ass déi fënneft Startplaz fir de Yuki Tsunoda, dee souguer säin Teamkolleeg Max Verstappen geschloen huet. De véierfache Weltmeeschter hat Problemer mat der Balance a war nom Sprint-Qualifying deementspriechend zerwéiert. Ofgeronnt gëtt d'Top 10 vum Kimi Antonelli (Mercedes) op der 7, virum Carlos Sainz (Williams), dem Charles Leclerc (Ferrari) an dem Alex Albon (Williams).

De Sprint gëtt e Samschdeg um 15 Auer eiser Zäit gefuer. D'Qualifikatioun fir d'Course fänkt um 19 Auer un. De Grousse Präis vu Katar gëtt e Sonndeg um 17 Auer gestart. Op RTL ZWEE an um RTL Play iwwerdroe mir live.

Am SQ1 goufen déi zwee Alpine-Pilote Franco Colapinto a Pierre Gasly eliminéiert. Laang Gesiichter waren et bei Ferrari nom Out vum Lewis Hamilton. Och net weiderkomm sinn de Liam Lawson um Racing Bulls an de Lance Stroll am Aston Martin.

Nom SQ2 war Schluss fir déi zwee Sauber-Piloten Nico Hülkenberg an Andrea Brotoleto, grad esou wéi fir d'Haas-Koppel Esteban Ocon an Oliver Bearman. Out war och den Isack Hadjar um Racing Bulls.

Den Norris kann dëse Weekend Weltmeeschter ginn

De Lando Norris huet um Circuit vu Losail säin éischte Matchball. Fir fréizäiteg Weltmeeschter ze ginn, brauch hien awer quasi ee perfekte Weekend. Wann hie beispillsweis de Sprint an de Grand-Prix gewënnt, ass d’WM zu senge Gonschten decidéiert. Egal wéi muss de jonke Britt op d'mannst zwee Punkte méi huele wéi seng punktgläich Konkurrenten Oscar Piastri a Max Verstappen, fir sech eng éischte Kéier zum Weltmeeschter ze kréinen. Sollt ee vun hinnen zwee e Sonndeg gewannen, wäert d'Decisioun beim leschte Grand-Prix zu Abu Dhabi falen.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025