"Mir sinn all mat Schold drun, wat hei geschitt ass"
Mir hu mat engem Lëtzebuerger, deen zu Valencia bei Bekannten ass, iwwer déi massiv Iwwerschwemmungen a Spuenien an déi aktuell Situatioun geschwat.
"An den nächste Woche wäert eng enorm Aarbecht geleescht musse ginn. Do musse mir och kucken, wéi mir solidaresch kënne sinn, als Lëtzebuerg, als EU", sou de Lëtzebuerger Nick Clesen, deen d’Iwwerschwemmungskatastroph zu Valencia hautno erlieft huet.
Iwwer 210 Doudeger
Um véierten Dag ass de Bilan op iwwer 211 Doudeger eropgaangen. Honnerte Mënsche ginn nach vermësst. D’spuenesch Regierung huet e Samschdeg och op Kritik reagéiert, net genuch Hëllefsekippe mobiliséiert ze hunn. De Premier Pedro Sànchez huet ugekënnegt, weider 10.000 Zaldoten a Polizisten an d'Krisegebitt ze schécken.
Enorm Solidaritéit
D'Bild vum Dag ass grad wéi e Freideg: déi onendlech Schlaang u Fräiwëlleger, déi nees beim Komplex fir Konscht a Wëssenschafte mat Raclette a Schruppert prett stoungen, fir eng Hand mat un ze packen.
‘"Och wann hei d'Militär an d'Administratiounen, d'Regierungen hir Zäit gebraucht hunn, d'Leit si säit zwee Deeg ze Fouss ënnerwee a versichen an déi Regiounen ze kommen, wou soss keen hi kënnt, fir do ze hëllefen" sou den Nick Clesen.
Hëllef ass weider batter néideg
Vill Leit wieren ënner Schock. Et misst ee sech drop astellen, datt d'Zuel un Affer weider staark klamme wäert. De Lëtzebuerger confirméiert: 1.300 bis 1.900 Persoune géife lokale Medien no nach vermësst. Selwer hat den Nick Clesen en Dënschdeg den Owend Gléck. Famill a Frënn bloufe verschount. E puer Honnert Meter méi wäit ass d'Bild awer e ganz anert.
Den Nick Clesen beschreift d’Situatioun: "Wat dat Ganzt och nach méi komesch mécht ass, dass am Fong südlech vum Floss Turia, deen ëmgeleet ginn ass no der Flut vun 1957, südlech dovun ass wierklech d'Zerstéierung massiv an och westlech am Hannerland. Am Fong den Zentrum vu Valencia, do huet et knapps gereent an d'Flut ass och net bis dohi komm. Jiddweree kennt awer Leit, déi betraff sinn."
Kritik vis-à-vis vun den Autoritéiten
Wéi en Dënschdeg den Owend um 20 Auer den Alarm op den Handy koum, war et op ville Platzen ze spéit. A sou wier et déi Deeg duerno weider gaangen, sou den Nick Clesen. Bis e Samschdeg de Mëtteg wier op Plaze kaum Hëllef ukomm. Et géif u Waasser, u Pompelen, u Generatoren, jo souguer Deels u Liewensmëttel feelen. Kritiséiert gëtt, datt d'Autoritéiten d'Hëllef, déi Frankräich direkt ugebueden hat, net acceptéiert hunn.
Selwer politesch bei déi Gréng engagéiert, kënnt den Nick Clesen aus enger Famill, an där Ëmwelt a Klimafroen nach ëmmer en Thema waren. Dat Erlieft, aus de leschten Deeg, bestätegt de Lëtzebuerger dodran, datt mir all d'Hänn net an de Schouss leen dierfen, wat de Klimawandel ubelaangt.
"Wa mer mëttelfristeg net wëllen, dass mer dat do all zwou Wochen hunn, da mengen ech, mussen eis all d'Aen opgoen. An ech huele mech do net eraus. Ech mengen, mir sinn all mat Schold. Eise Liewensstil, dee passt net méi mat der Klimakris zesummen an do musse mer eis all Gedanke maachen: Well mir sinn all mat Schold drun, wat hei geschitt ass."