Spuenesch Kinnekskoppel mat Bulli a Beleidegungen empfaangen
Den Empfang fir déi spuenesch Kinnekskoppel an der verwüüster Regioun Valencia war net ganz häerzlech.
De Felipe a seng Fra Letizia waren zesumme mam Premierminister Pedro Sanchez an d'Gemeng Paiporta gereest, déi besonnesch vun den Iwwerschwemmungen betraff war, fir sech e Bild vum Schued ze maachen.
Ma d'Leit op der Plaz hunn hir Roserei a Verzweiwlung net fir sech behalen. D'Monarche goufen als Mäerder bezeechent a si goufen opgeruff, nees ofzereesen. Demonstranten hu souguer mat Bulli an aneren Objeten op d'Kinnekskoppel geheit.
Polizisten op Päerd sinn intervenéiert.
E Member vum Persouneschutz gouf blesséiert. Iwwerdeems d'Fra vum Kinnek, Bulli am Gesiicht, hir Emotiounen net méi zeréck hale konnt. Een Ament huet d'spuenesch Police souguer Beamten op Päerd agesat, fir den héije Besuch ze schützen. Iert d'Visitt ofgebrach gouf an de Cortège sech aus dem Stëbs gemaach huet.
D'Leit an der Regioun si rosen, well si ze spéit virun der Envergure vun den Onwiedere gewarnt gi wären, an duerno och ze spéit gehollef kritt hätten.
An der Katastropheregioun ronderëm Valencia gi weider Honnerte Mënsche vermësst. D'Rettungsekippe ginn dervun aus, datt virop Garagen an Ënnerféierungen, wou den Zougang weider schwéier ass, zu déidleche Fale goufen. Den Offizielle Bilan läit elo bei op d'mannst 217 Doudeg.
An elo annoncéiert sech op en neits staarke Reen. D'Meteoservicer hunn eng Alerte Rouge fir Andalusien an déi besonnesch betraffe Géigend Valencia erausginn. Fir Valencia hat e Sonndeg de Mëtteg nach eng orange Alerte gegollt. Ma elo sinn d'Leit opgeruff doheem ze bleiwen. D'Police ass mat Megaphonen duerch d'Stroosse gefuer, fir d'Leit ze warnen, wéi schonn déi éischt Drëpse gefall sinn.
Op en neits kéinte ganz héich Reequantitéiten vun 100 Liter op de Metercarré erofgoen. D'Regierung huet 10.000 weider Zaldoten a Polizisten an den Asaz geschéckt fir opzeraumen an dem Chaos Meeschter ze ginn. Et hu sech och zéngdausende Fräiwëlleger gemellt.