Zu Amsterdam koum et no der Gewalt um Bord vun engem Futtballmatch zu Ausschreidungen. 5 Persoune goufe verwonnt, 3 Israeelie gi vermësst.

War war geschitt?

An enger gemeinsamer Erklärung vun der Stad Amsterdam an der lokaler Police heescht et, dass "op e puer Plazen an der Stad Fans belagert, mësshandelt a Knupperten op si geheit goufen". D'Buergermeeschtesch Femke Halsema huet d'Ausschreidunge verurteelt a vun enger "antisemittescher Explosioun" geschwat.

D'Maccabi-Fans goufe geschloen a wiere geflücht, op Scootere wieren d'Manifestanten duerch d'Stroosse gefuer, fir no israeelesche Fans ze sichen. Dës goufe reegelrecht verfollegt a gejot.

62 Persoune goufe festgeholl. Wéi d'Police vun Amsterdam matgedeelt huet, goufen ausféierlech Ermëttlunge zu de Gewaltiwwergrëff lancéiert. Et hätt een och Informatiounen iwwer eng méiglech Geiselnam a vermësste Persounen. Dës wieren awer bis ewell nach net confirméiert, ma och dat géif een ënnersichen.

Israel schéckt Fliger, fir Leit heemzebréngen

Israeelesch an och hollännesch Politiker schwätze vun antisemittescher Gewalt. De Regierungschef Benjamin Netanjahu huet zwee Fligere geschéckt, fir d'israeelesch Futtballfans esou séier wéi méiglech ze rapatriéieren. Vum Ausseministère an Däitschland heescht et, betraffen Israeelie kréien ëffentlech Transportmëttel bereetgestallt, fir op de Fluchhafen ze kommen, déi lokal Sécherheetsekippe géife fir Uerdnung suergen.

Am Ufank war de Leit gerode ginn, an hiren Hoteller ze bleiwen an och keng jiddesch wéi och israeelesch Symboler op sech ze hunn.

Als Reaktioun op d'Virfäll huet den neien israeeleschen Ausseminister Gideon Sa'ar kuerzfristeg annoncéiert, an Holland ze reesen. Do wéilt hien héichrangeg Vertrieder vun der hollännescher Regierung treffen, dorënner och säin Amtskolleeg.

Buergermeeschtesch annoncéiert Konsequenzen

No den Attacken op israeelesch Futtballfans zu Amsterdam huet d‘Buergermeeschtesch Femke Halsema renforcéiert Sécherheetsmesuren annoncéiert, dorënner en temporäert Demonstratiounsverbuet. Virdrun huet si vun engem Ausbroch vun Antisemitismus geschwat, wéi et e scho laang net méi ginn hätt. Supporter vum israeelesche Futtballclub Maccabi Tel Aviv wieren duerch d‘Stad gejot ginn.

Si kéint gutt verstoen, datt dat u Pogromer erënnert. Hir Stad wier déif beschiedegt ginn an déi jiddesch Kultur zudéifst menacéiert, esou d‘Buergermeeschtesch.

Reaktioun vum Premier Luc Frieden

Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet sech op der Plattform X zu de Virfäll geäussert an déi gewalttäteg Aktioune géint israeelesch Bierger zu Amsterdam verurteelt.