Schaarf Kritik gouf et ë.a. um Regionalpresident Carlos Mazon an dem spuenesche Regierungschef Pedro Sanchez.

No den uergen Iwwerschwemmungen am Oste vu Spuenien hunn an der Küstemetropol Valencia dausende Mënsche géint d'Krisemanagement vun den Autoritéiten demonstréiert. Wéi et vun engem Journalist vun der Noriichtenagence AFP heescht, sinn d'Demonstranten e Samschdeg vum Gemengenhaus vun der Stad bis bei de Sëtz vun der Nationalregierung gaangen. Mam Wuert "Mäerder" hu si hir Roserei op d'Autoritéiten zum Ausdrock bruecht. Vill vun hinnen hunn de Récktrëtt vum Regionalpresident Carlos Mazon gefuerdert.

Géint de Regierungschef vun der Regioun Valencia a Politiker vun der konservativer Vollekspartei PP huet sech e Groussdeel vun der Roserei vun den Demonstrante geriicht. Och de spuenesche Regierungschef Pedro Sanchez gouf vun den Demonstrante kritiséiert. Béid Politiker hu sech géigesäiteg reprochéiert, d'Iwwerschwemmungen duerch de massive Reen Enn Oktober ënnerschat an d'Rettungs- an den Hëllefsasaz schlecht koordinéiert ze hunn.

Bei den Demonstratioune koum et och zu Ausschreidungen.

Enn Oktober ware bei den uergen Iwwerschwemmungen op d'mannst 220 Leit ëm d'Liewe komm, bal alleguer an der Regioun Valencia. Op Plaze war bannent 24 Stonnen esou vill Ree gefall wéi soss an engem ganze Joer.