Klima, Demografie an Technologie gréisst Menacë fir Kandheet
© Image Pexels / Workman House
An hirem Rapport fir de Weltkannerdag vun de Vereenten Natiounen huet d'Unicef sech op d'Zukunft vun der Kandheet fir déi nächst Joerzéngte fokusséiert.
Besonnesch d'Joer 2050 spillt am Rapport eng zentral Roll, grad ewéi déi verschidden Defien, mat deenen déi Jonk an iwwer 20 Joer konfrontéiert wäert sinn. Deemno sinn et grad den demografesche Wandel, d'Klima an déi technologesch Entwécklungen, déi en Impakt op d'Kandheet wäerten hunn.
Klima
Schonn hautdesdaags mussen eng 20.000 Kanner den Dag hir Heemecht wéinst wiederbedéngt Extreemer wéi Stierm oder Iwwerschwemmunge verloossen. Dem Rapport no wäerten et am Joerzéngt 2050 bis 2059 viraussiichtlech ëmmer méi Klima- an Ëmweltkrise ginn. Am Verglach mat den 2000er wäerten deemno aachtmol esou vill Kanner ënner extreemen Hëtztwelle leiden, dräimol sou vill wäerte vun extreemen Iwwerschwemmunge betraff sinn a bal duebelt esou vill Kanner vun extreeme Bëschbränn.
Wéi genee sech d'Gefore vum Klima op d'Kandheet auswierken, hänkt Unicef no vum Alter, der Gesondheet, der sozioekonomescher Situatioun an dem Accès zu Ressourcen of. Esou huet e Kand mat Zougang zu klimaresilientem Logement, Klimaanlagen, Gesondheetsversuergung, Educatioun a propperem Waasser besser Chancen e sougenannte "Klimaschock" z'iwwerliewen.
Demografie
Och déi demografesch Entwécklunge bréngen Erausfuerderunge fir d'Kanner mat. An den 2050er Jore wäert et a Subsahara-Afrika a Südasien wuel déi gréisst Populatioune vu Kanner ginn. Den Undeel vun de Kanner a Jugendlechen an alle Regioune vun der Welt soll allgemeng awer erofgoen - an Afrika bleift e mat 40 Prozent awer weiderhin héich. Esou wäerte verschidde Länner Problemer hunn, déi vill Kanner ze versuergen, anerer wäerten d'Besoine vu Kanner an enger Bevëlkerung, déi ëmmer méi al gëtt, ausgläiche mussen.
Nei Technologien
Zwar bidden nei Technologië wéi kënschtlech Intelligenz de Kanner grouss Chancen, bréngen awer och Gefore mat sech. Elo schonn notze vill Kanner d'KI, déi an Apps, Spillsaachen, online Spiller a Léiersoftwaren integréiert sinn. Trotzdeem gëtt et elo schonn eng grouss Differenz. 2024 hunn deemno 95 Prozent vun de Mënschen a Länner mat héijem Akommes den Internet genotzt, wärend nëmme knapp 26 Prozent vun de Leit a méi aarme Länner mam Internet verbonne sinn. Ville Jonke géingen deemno déi néideg digital Kompetenze feelen, déi si fir eng besser Educatioun a besser Beruffschancë bräichten.
Dräi Zenarie fir d'Zukunft
Am Rapport geet Unicef op dräi verschidden Zukunftszenarien an. Am schlechtsten Zenario kéinte sech regional Rivalitéiten a Konflikter verschlëmmeren, am beschte Fall kéint et sinn, datt all Kanner an d'Schoul kéinte goen. De mëttleren Zenario gesäit eng Hausse vun der Liewenserwaardung vir, wärend d'Kannerstierflechkeet erofgeet. Esou kéinten 2050 da bal 96 Prozent vun de Kanner weltwäit op d'mannst an d'Grondschoul goen, am Verglach zu 80 Prozent an den 2000er Joren. Duerch d'Verschlechterung vum Klima kéint et allerdéngs och sinn, datt e méi groussen Deel u Kanner a Jugendlechen a Länner mat nidderegem Akommes opwuessen.
D'Unicef betount deemno, wéi wichteg et wier, d'Kannerrechter an alle Beräicher ze consideréieren an an de Fokus ze stellen, fir eng gutt Zukunft ze garantéieren. Dat besonnesch an der Educatioun, Gesondheet an dem Klimaschutz.
Weltkannerdag zu Lëtzebuerg
Am Kontext vum Weltkannerdag vun de Vereenten Natiounen gëtt e Mëttwoch de Moien an der Chamber den neiste Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher presentéiert. De Charel Schmit a seng Ekipp hu jo als Aufgab, d'Kannerrechter hei am Land z'iwwerwaachen, ze schützen an ze promouvéieren. E Freideg ginn dann och eng 100 Kanner an der Chamber empfaangen, fir sech mat den Deputéierten auszetauschen.