D'SPD huet nom ëffentlechen Debat iwwer d'Kanzlerkandidatur un Zousproch verluer. Dat geet aus enger Ëmfro vum däitschen INSA-Institut ervir.

Deemno kéimen déi däitsch Sozialdemokraten, wann e Sonndeg an eisem Nopeschland géif gewielt ginn, op 15 Prozent vun de Stëmmen. Dat wier ee Prozentpunkt manner, ewéi d'lescht Woch. Een hallwe Prozentpunkt bäikritt hunn dogéint d'CDU/CSU an d'AFD. Si kéimen op 32,5 respektiv 19,5 Prozent.

Bei deenen anere Parteien huet sech a punkto Zoustëmmung näischt verännert. Esouwuel d'FDP, ewéi och "die Linke" wieren aktuell mat 4,5 respektiv 3,5 Prozent vun de Stëmmen net méi am däitsche Parlament vertrueden. Déi däitsch Gréng géifen op eelef Prozent kommen. Nei mat am Bundestag dobäi wier "d'Bündnis Sahra Wagenknecht" mat 7,5 Prozent vun de Stëmmen.

An enger anerer Ëmfro, déi vum Institut "Forsa" fir de "Stern" gemaach gouf, hunn da 65 Prozent vun de Befroten uginn, dass si et net géife schlëmm fannen, wann d'FDP no de Walen net méi am Bundestag vertruede wier.

Sollten d'Walen an Däitschland am Februar d'nächst Joer ewéi prognostizéiert ausgoen, kéim d'Unioun esouwuel zesumme mat der SPD ewéi och mat de Gréngen op eng Majoritéit.