An der Nuecht op e Mëttwoch ass zu Berlin am Staddeel Kreuzberg een 31 Joer ale Mann duerch schëss déidlech verwonnt ginn.

Wéi et aus däitsche Medien heescht, kruten zwee Bridder Sträit mat zwee Onbekannten. Dëse Sträit ass an der Suite eskaléiert an ee vun de Bridder gouf ugeschoss. Rieds ass vu méi Schëss, déi ze héiere waren. Obwuel eng Partie Leit direkt mat der Reaniméierung vum Affer ugefaangen hunn, ier d'Rettungsekippen iwwerholl hunn, ass den 31 Joer ale Mann gestuerwen.

D'Täter hu sech duerch d'Bascht gemaach. Obwuel d'Police ënnert anerem och mat engem Helikopter no de Verdächtege gesicht hunn, feelt bis elo all Spuer vun hinnen. Si sinn also weiderhin op der Flucht. D'Police wëll deemnächst zesumme mam Parquet eng Erklärung erausginn.

Eréischt Ufank November waren zu Berlin-Kreuzberg zwee Männer duerch Schëss verwonnt ginn.