D'Statistikamt Statbel huet sech d'Revenuen an der Belsch am Detail ugekuckt, méi genee wéi eng Gemeng am beschten drun ass.

A gutt liewen, léisst et sech an der Province de Luxembourg, wéi aus den Zuelen vu Statbel ervirgeet. Déi 10 räichste Gemengen an der Belsch sinn nämlech Nopeschgemenge vu Lëtzebuerg. Do hätte mer Attert mat engem Revenue médian vun 42.211 Euro, Messancy (37.226 Euro), Etalle (34.978 Euro), Saint-Léger (34.924 Euro), Arel (34.822 Euro) an Habay (34.120 Euro).

Méi Detailer ginn et am Artikel vun de Kolleege vun RTL Infos.