Den CSV-Politiker ass als Kommissär fir Landwirtschaft a Liewensmëttel zoustänneg. E schwieregen Job, fir deen hien och scho "Bäileed ausgedréckt" krut.

Wann een an d’EU-Kommissioun erakënnt, gëtt ee seng politesch Faarf of. Et gëtt ee faarweblann, seet den neie Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen an zitéiert seng nei Cheffin, d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. 
 
De Christophe Hansen ass an der EU-Kommissioun, déi den 1. Dezember offiziell ufänkt mat schaffen, zoustänneg fir Landwirtschaft a Liewensmëttel. Hie war um Mëttwoch den Owend Invité am Journal op der Tëlee.
 
Et gouf vill Kritik wéinst der Nominatioun vum italieenesche Kommissär Fitto. Säi politesche Wee géif och him net gefalen. De Fitto wär awer als Pro-Europäer bekannt an d’Memberstaate géifen d’Kandidaten nominéieren. Kloer wär och, datt all Kommissär misst fir d’Europäesch Unioun schaffen, net fir säi Land oder seng Partei, sou de Christophe Hansen.
 
Immens vill Drock – zesumme mam Secteur Léisunge sichen
 
EU-Kommissär fir Landwirtschaft a Liewensmëttel ass e schwieregen Job. Ech krut scho Bäileed ausgedréckt, well et eng Politik ass, déi net einfach ass, gëtt de Christophe Hansen zou. Bauere ginn op d’Strooss, well se d’Enner net beienee kréien. Et wier e schwierege Moment, och geopolitesch. Et ginn zum Beispill Importtaxen a China an et weess een net, wéi et an den USA weidergeet. Et wier immens vill Drock do. Deen Drock misst een eraushuelen, am beschten am Dialog mam Secteur, sou den neie Landwirtschaftskommissär.
 
De Christophe Hansen ass zoustänneg fir d’Landwirtschaft an d’Baueren. Mä muss och mat deenen zesummeschaffen, déi d’Liewensmëttel verschaffen, spréch Metzler, Bäcker oder Handelsketten. Awer och ONGen oder Ëmweltorganisatiounen gehéieren dozou.

De Klimawandel wär eng Realitéit. Mam landwirtschaftleche Secteur zesumme misst ee Mesuren ausschaffen. Dat wier ganz wichteg. D’Bauere wéilten och mat upaken. Ëmweltpolitik, Déierewuel oder Planzeschutzmëttel wären aner Ressorten an aner Kommissären. Mat deene muss hie sech ofschwätzen. An dat soll besser funktionéiere wéi villäicht an de leschte Joren, sot de Lëtzebuerger EU-Kommissär am RTL-Interview.