Gréng Luucht fir eng zweet "Von der Leyen"-EU-Kommissioun
Déi nei EU-Kommissioun kann den 1. Dezember ufänke mat schaffen.
D’Europaparlament huet e Mëttwoch an der Mëttegstonn mat 370 Jo-Stëmmen an 282 Nee-Stëmmen fir en zweet Mandat fir d’Ursula Von der Leyen als EU-Kommissiounspresidentin a fir hir nei Ekipp gestëmmt. 2019 hat si just liicht méi Jo-Stëmme krut an esouguer méi Nee-Stëmmen. Dës Kéier goufen et méi Enthalungen.
Aus Lëtzebuerger Siicht hunn d’EU-Deputéiert Tilly Metz (déi Gréng) a Fernand Kartheiser (ADR) géint déi nei Kommissioun gestëmmt.
Fir d'Tilly Metz* ass et "eng rout Linn, Allianzen ze schafen, mat den extrem Rietsen." Dat ass awer elo hei geschitt. De rietsen italieenesche Kommissär Raffaele Fitto ass de grousse Kritikpunkt. Hie gëtt och nach Vizepresident. "Also engem esou eng wichteg Positioun ze ginn, dee wëllt Europa schwächen an net stäerken, dat kann ech net gutt heeschen", esou d'Tilly Metz weider.
D'Nominéierung vum Raffaele Fitto war fir de Fernand Kartheiser* net d'Ursaach, wisou hien dogéint gestëmmt huet. Mä et gi fir den ADR-Politiker aner Grënn: "Déi Éischt ass, datt se se sech do Kompetenzen uneegnen, déi u sech national Kompetenze sinn, wéi zum Beispill de Logement an d'Defense. Dat steet net an den Traitéen."
De Marc Angel (LSAP)* huet sech enthalen."Den Här Fitto gëtt Vizepresident vun der Kommissioun. Am Juli huet d' Madamm von der Leyen eis eng pro -europäesch, pro -demokratesch Koalitioun versprach. Si huet déi opgemaach elo fir Postfaschisten. An dat ass fir mech en No Go."
D’Isabel Wiseler vun der CSV an de Charel Goerens* vun der DP hu fir se gestëmmt.Den DP-Politiker huet gesot, datt Europa schonn an der Kris wier an ee sech elo eng institutionell Kris net kéint leeschten. "Mir si gezwongen, elo direkt handlungsfäeg ze sinn, an dat am Häerz vun Europa. Deen Infarkt, fir dee wollt ech net responsabel zeechnen, an duerfir hunn ech d'Kommissioun von der Leyen gestëmmt."
Den Nach-CSV-EU-Deputéierte Christophe Hansen gëtt jo elo EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft.
An hirer Ried virum Vott sot d’Von der Leyen ënnert anerem, Europa misst bei sengen Ausgabe fir d’Defense méi maachen, fir mat Russland matzehalen. Et géinge seriö Menacë ginn an et wier eppes falsch wa Russland 9 % vu sengem PIB an d’Militär stécht an d’EU just 1,9 %.
Si sot dann awer och, datt d’Fräiheet an Europa och vun der wirtschaftlecher Stäerkt vun Europa géing ofhänken. D’EU misst kompetitiv sinn, innovéieren a produzéieren. Den 1. Dezember wäert déi nei Kommissioun mat hirer Aarbecht ufänken.
*Déi komplett Reaktioune vun de Lëtzebuerger
Marc Angel (LSAP)
"Ech hu mech haut beim Vott iwwer d'von-der-Leyen-Kommissioun enthalen, well ech et mat mengem Gewëssen net konnt verantworten, dass elo déi Fratelli d'Italia-Partei, also eng rietsextreem Partei, am Häerz vun der Kommissioun ass. Den Här Fitto gëtt Vizepresident vun der Kommissioun. Am Juli huet d'Madamm von der Leyen eis eng pro-europäesch, pro-demokratesch Koalitioun versprach. Si huet déi opgemaach fir Postfaschisten an dat ass fir mech en No-Go. Et sinn eng Rei gutt Saachen am Programm. Ech hoffen elo, dass mer als pro-europäesch a pro-demokratesch Parteie kënnen zesummeschaffen an der Zukunft. An dass d'EVP sech bewosst ass, dass e besser ass, wa se mat de Liberalen, mat de Sozialisten a mat de Grénge schaffe wéi mat deene Rechtsextreemen."
Tilly Metz (déi Gréng)
"Fir mech war et ëmmer eng rout Linn, Allianzen ze schafe mat den extreem Rietsen. Dat ass awer elo hei geschitt an dëser Kommissioun, andeems d'Madamm von der Leyen den Här Fitto als ee vun hire Vizepresidenten ernannt huet. Dat si wichteg Posten, déi vill Pouvoir hunn. Den Här Fitto, deen ass responsabel fir d'Kohesioun, och fir de Recovery Fund, also vill Suen an der Hand huet, wann ee esou ka soen. En huet och en A iwwert dat wat an der Landwirtschaft geschitt oder wat mat eise Mierer geschitt. Also engem esou eng wichteg Positioun ze ginn, dee wëll Europa schwächen an net stäerken, dat kann ech net guttheeschen."
Fernand Kartheiser (ADR)
"Ech hunn natierlech de Moie géint d'Kommissioun gestëmmt aus enger Rei vun Ursaachen. Déi Éischt ass, datt se sech do Kompetenzen uneegnen, déi u sech national Kompetenze sinn, wéi zum Beispill de Logement an d'Defense. Dat steet net an den Traitéë fir d'Kommissioun. Dat sinn national Kompetenzen. Dat Zweet ass ekonomesch. Mir mussen ewech vun deem 'Green Deal', deen eiser Industrie an iwwerhaapt eiser Ekonomie schrecklech schued. Mir brauchen do e ganz aneren Usaz. Natierlech musse mer d'Ëmwelt schounen. Mir mussen eis Ekonomie stäerken. Dat Drëtt ass, datt mer mussen d’Fräiheet verdeedegen. D'Kommissioun ass nach ëmmer fir den Digital Services Act, dat heescht fir d'Zensur. An de véierten Deel ass natierlech de Fridden an der Ukrain, wou d'Kommissioun kloer eng Krichspolitik vertrëtt, déi ech awer net deelen."
Charel Goerens (DP)
"Europa ass an engem kriteschen Zoustand mat enger däitscher Regierung, déi keng Majoritéit méi huet. An dat wäert och nach dauere bis den Abrëll, Mee d'nächst Joer. A Frankräich hu mer eng Regierung, déi wackelt. Mir hunn onstabil Verhältnisser an den zwee Kärstaate vun der Europäescher Unioun. Fir elo och nach sech eng institutionell Kris um europäesche Plang ze leeschten, dat wollt ech net matmaachen. Gewëss, déi nei Kommissioun, déi besteet aus 27 Membere vun deenen der 25 frequentabel sinn. An zwee, déi méi kritesch beurteelt goufen an den Hearinge vun eise Kolleegen. Mir hunn an Europa véier Problemer. Deen éischten, dat ass de Putin, deen zweeten, dat ass de Xi Jinping, deen drëtten, dat ass den Donald Trump an dee véierten, dat si mir selwer. Wa mir selwer net am Stand sinn, dat ëmzesetzen, wat mer elo säit de Wale vum leschte Juni ëmmer erëm soen, ëmmer erëm widderhuelen. Da si mer déi lescht, déi allerlescht vun deene leschten! Mir si gezwongen elo direkt handlungsfäeg ze sinn, an dat am Häerz vun Europa. Deen Infarkt, fir dee wollt ech net responsabel zeechnen, an duerfir hunn ech d'Kommissioun von der Leyen gestëmmt. Ech bedaueren, datt se net méi Ënnerstëtzung kritt huet, mee et geet awer duer."