Nodeems et am syresche Biergerkrich véier Joer laang quasi e Stëllstand gouf, huele verschidde Rebellegruppen an der Lescht ëmmer méi Territoire an.

Nodeems d'Stied Allepo an Hama schonn zanter e puer Deeg ënner Kontroll vun islamistesche Rebelle sinn, hätten d'Truppe vum Staatschef Baschar Al-Assad elo och d'Kontroll iwwert d'Stad Daraa am Süde vum Land an iwwert de gréissten Deel vun der Provënz mam nämmlechten Numm verluer. Dat mellt de syreschen Observatoire fir Mënscherechter. Dëse bezitt seng Informatiounen aus engem Netzwierk vu verschiddene Quellen a Syrien. Dës loosse sech allerdéngs net onofhängeg iwwerpréiwen.

Dem Observatoire no géife lokal islamistesch Rebelle mëttlerweil iwwer 90 Prozent vun der Provënz Daraa kontrolléieren. Dës Regioun spillt am syresche Biergerkrich eng besonnesch wichteg symbolesch Roll. Hei hat 2011 den Opstand géint de Baschar Al-Assad ugefaangen, aus deem sech schliisslech de syresche Biergerkrich entwéckelt huet.

Iwwerdeems sollen Truppe vun der islamistescher Miliz "Hajat  Tahrir al-Scham" nëmmen nach fënnef Kilometer vun der drëttgréisster Stad am Land Homs ewech sinn. Dem syreschen Observatoire fir Mënscherechter no hätten d'Regierungstruppen d'Stad schonn opginn a se verlooss. De syresche Verdeedegungsministère dementéiert dat. D'Arméi hätt Verstäerkung an d'Stad geschéckt.

Donieft soll sech d'Arméi dem Observatoire no och aus der Provënz Deir Essor zeréckgezunn hunn. Hei géif d'Militär-Bündnis "Demokratesch Kräfte vu Syrien", dat vu kurdesche Milize kommandéiert gëtt, ëmmer weider vir réckelen. Vun der libaneesescher Hisbollah kënnt d'Ausso, et een 2.000 Kämpfer a Syrien geschéckt, fir den Assad-Regime z'ënnerstëtzen.

Stand e Samschdegmoie solle Rebelle bis op 20 Kilometer virun d'Haaptstad Damaskus virgedronge sinn. Dem President Assad seng Fra a Kanner sollen d'Land schonn an Direktioun Russland verlooss hunn. Vum President selwer heesch et, dass hien nach a Syrien wier.

E Samschdeg de Mëtteg waren Diplomaten aus dem Iran, der Tierkei a Russland am Katar beieneen, fir iwwer d'Situatioun a Syrien ze diskutéieren. Et wier ee sech eens ginn, datt et e politeschen Dialog tëscht der syrescher Regierung an "legitimmen Oppositiounsgruppe" soll ginn. Den Iran a Russland sinn déi wichtegst Alliéiert vum Assad-Regimm. Den amerikaneschen Ausseminister Blinken huet iwwerdeems an engem Telefonat mat sengem tierkeschen Homolog Fidan dozou opgeruff, d'Zivilisten a Syrien ze schützen. D'USA wéilte sech fir eng diplomatesch Léisung vum Konflikt asetzen.