Doud vum fréiere Buergermeeschter vun Atert (B) Josy Arens
De Josy Arens war 29 Joer laang Buergermeeschter vun Atert a bekannt als "Monsieur Luxembourg". Hie gouf 72 Joer al.
Dat mellt sudinfo.be.
Belsche Medien no ass de Josy Arens, dee scho méi laang gesondheetlech Problemer hat, no enger Häerzoperatioun, déi hien e Méindeg hat, verscheet.
De Josy Arens huet sech ëmmer nees fir d’Rechter vun de belsche Frontalieren agesat a war bal 30 Joer laang Buergermeeschter vun Atert, der Nopeschgemeng vum Grand-Duché.
"Le décès de Josy Arens laisse un grand vide dans la vie politique de la province de Luxembourg", sou de François Huberty, Buergermeeschter vun Neufchâteau.
"Fervent défenseur de notre Province et de ses spécificités, Josy avait une manière bien à lui de faire avancer ses dossiers", sou déi belsch Deputéiert Mélissa Hanus.
Hie konnt Lëtzebuergesch schwätzen an huet RTL déi eng oder aner Kéier en Interview ginn.
De Josy Arens war wärend laange Joren Deputéierten am belsche federale Parlament an dono och am wallounesche Parlament.