Am däitsche Brandenburg ass de Ministerpresident Dietmar Woidke, SPD, am zweeten Tour a sengem Amt confirméiert ginn.

Hie krut 50 Stëmmen, 45 waren der néideg.
 
Am éischten Tour hat de Woidke net déi néideg Majoritéit zesumme kritt. Do hate just 43 vun de 87 Deputéiert, déi do waren, fir hie gestëmmt.

De Woidke féiert eng Koalitioun mam Bündnis Sahra Wagenknecht un, déi éischt vun där Zort op Landesniveau an Däitschland.