204 vun den 300 Deputéierten hunn déi Decisioun ënnerstëtzt. De Yoon huet doropshin erkläert, hie géing “fir eng Zäit op d’Säit réckelen”.

Hien ass elo suspendéiert an d’Verfassungsgeriicht huet 180 Deeg Zäit, fir iwwert seng Zukunft ze decidéieren. An der Haaptstad Seoul hunn nom Vott am Parlament Honnertdausenden Demonstranten an de Stroosse gefeiert.
 
De Yoon steet jo massiv an der Kritik, well hie rezent d’Krichsrecht ausgeruff hat. Hien hat dat domadder begrënnt, datt d’Oppositioun mam Noper Nordkorea zesummeschaffe géing. Kuerz drop hat hien dës Decisioun rëm zeréckgeholl.