No deem schlëmme Stuerm op der franséischer Insel Mayotte am Indeschen Ozean gëtt weider no Leit gesicht, déi iwwerlieft hunn.

D‘Zuel vun den Affer festzestellen, dierft nach e puer Deeg daueren, esou den Inneminister Retailleau. Geschat gëtt, datt Honnerte Leit ëm d‘Liewe komm sinn.

De Stuerm war mat Spëtzte vun 220 Stonnekilometer iwwert d‘Insel ewechgezunn. E sëllegen Haiser an Hütte goufen zerstéiert. Och d‘Spidol an den Tower um Fluchhafen goufe staark beschiedegt. Eng ganz Rei Stroosse kënnen net méi benotzt ginn.

Aktuell gëtt et weder Waasser nach Stroum an d‘Leit fänken un, un Honger ze leiden. Et bräicht een elo dréngend Hëllefsliwwerungen, esou déi zoustänneg Senatrice.