Déidlechen Accident um Trierer Hauptbahnhof

© Photo by Sina Schuldt / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP (Archiv)
Wéi déi däitsch Police matdeelt, koum et op engem Quai vun der Gare zu Tréier géint 15.30 Auer zu engem Accident, bei deem eng Persoun ëm d'Liewe komm ass.
Éischten Ermëttlungen no krut en Zuch, deen aus Koblenz koum, e Mann vu 56 Joer, deen op d'Schinne gefall war, ze paken an huet dësen dobäi déidlech blesséiert.
Dowéinst huet d'Gare vun 15.33 Auer u misste gespaart ginn, wat grouss Auswierkungen op den Zuchverkéier an der Ëmgéigend hat. Dëst hat och Reperkussiounen op Lëtzebuerg, well wärend der Zäit vum Asaz an den Ermëttlunge keng Zich tëscht Tréier a Waasserbëlleg konnten zirkuléieren.
Aktuell Lafen d'Ermëttlungen, un deenen d'Bundespolizei an d'Kriminalpolice bedeelegt sinn, weider. Och am Asaz waren den Noutdokter esou wéi verschidde Rettungsekippen.
Géint 17.45 koum vun den CFL de Message, datt d'Zich nees zirkuléieren. Et kéint awer nach zu vereenzelte Verspéidungen oder Ausfäll kommen, heescht et am Schreiwes vun der Nationaler Bunn.
D'CFL ruffen d'Passagéier dann och op, fir sech op hirem Internetsite oder iwwert d'App iwwer méiglech Verspéidungen an Ausfäll ze informéieren.