Knapp 50 Kilometer Stränn u russescher Schwaarzmier-Küst verknascht

© AFP
D'Stad Anapa, déi am Summer eng beléifte Vakanzendestinatioun ass, huet wéinst der Pëtrolspescht en Dënschdeg den Noutstand deklaréiert.
Nodeems zwee Pëtrolstankere virun der vu Russland annektéierter ukrainescher Hallefinsel Krim havaréiert sinn, kënnt ëmmer méi Pëtrol un der Küst vum Schwaarze Mier un. Antëscht mussen 49 Kilometer Küst an der südrussescher Regioun Krasnodar tëscht der Vakanzendestinatioun Anapa an der Stad Temrjuk gebotzt ginn, dat huet de Katastropheschutzministère e Mëttwoch matgedeelt. Weider 70 Kilometer Küst stinn deemno ënner Beobachtung.
Zwee Tankeren, déi dausenden Tonne Pëtrol u Bord haten, waren e Sonndeg bei engem Stuerm an der Strooss vu Kertsch tëscht der Krim an der russescher Regioun Krasnodar staark beschiedegt ginn. Wéi déi staatlech russesch Noriichtenagence Tass gemellt huet, si mëttlerweil 3.000 vun den am ganzen 9.000 Tonne Pëtrol an d'Mier gelaf. Aus engem Tanker trëtt nach ëmmer Pëtrol aus, deen duerch de staarke Wand un d'Stränn gedréckt gëtt.
D'Stad Anapa, déi am Summer eng beléifte Vakanzendestinatioun ass, huet wéinst der Pëtrolspescht en Dënschdeg den Noutstand deklaréiert. Un der Botzaktioun sinn dem Katastropheschutzministère no mëttlerweil ronn 2.700 Leit vu Rettungsekippen an och Fräiwëlleger bedeelegt. Aacht Kilometer Strand wiere scho gebotzt, sou de Ministère. Dobäi wieren 80 Tonne Pëtrol fortbruecht ginn. An enger Rettungsstatioun zu Anapa ginn der Noriichtenagence Tass no och Vigel, déi mat Pëtrol verschmotzt sinn, nees propper gemaach.