20 Joer Prisong fir Haaptugekloten am Vergewaltegungsprozess Dominique Pelicot

© Clement MAHOUDEAU / AFP
Den 72 Joer ale Mann hat zouginn, seng Fra bal 10 Joer laang ëmmer nees gedéit an dann entweder selwer vergewaltegt oder se anere Männer offréiert ze hunn.
Fir den Haaptugekloten Dominique Pélicot ginn et 20 Joer Prisong. Hien huet beim Verdikt am Geriichtssall keng Emotioune gewisen. Déi ganz Famill war present. Hien huet sech bei senger leschter Ausso nach eng Kéier bei senger Fra entschëllegt an hire Courage gelueft.
A Frankräich gëtt d’Affer Gisèle Pélicot als Heldin gefeiert. Déi haut 71 Joer al Fra wëll virun allem, dass sexuellen Abus net méi bagatelliséiert gëtt. Si hat selwer am Laf vum Prozess verlaangt, dass ëffentlech verhandelt gëtt a souguer Videoe vun den Dote gewise ginn.
Nieft dem Dominique Pélicot stoungen nach 50 aner Ugeklote viru Geriicht. Och si goufen alleguer schëlleg gesprach. Hei goufen et Prisongsstrofen tëscht 3 a 15 Joer.
Um Enn vun dësem historesche Prozess huet och d’Gisèle Pelicot selwer nach emol d’Wuert ergraff. Virun enger reegelrechter Mënschemass huet d’Affer de Prozess als ganz schwéier Epreuve fir si beschriwwen. Si hätt dëse Kampf fir hir Kanner an Enkelkanner op sech geholl. A géif wéinst all den Affer, déi net unerkannt goufen, net bereien gefrot ze hunn, datt de Huis clos fir de Prozess opgehuewe gëtt. D’Kanner sote sech via e Member vun der Famill enttäuscht driwwer, datt d’Geriicht manner héich Strofen zréckbehalen huet, wéi déi di vum Parquet gefrot gi waren. Manifestante virun der Dier hu rosen op d’Héicht vun de Strofe reagéiert an et koum och zu verbalen Affrontementer tëscht engem Defenseaffekot a Feministinnen. D’Affekotin vum Haaptugekloten, dem Mann vun der Gisèle Pelicot, sot, si hätten nach net decidéiert, fir an Appell ze goen oder net.

© Clement MAHOUDEAU / AFP