Zuel vun Doudege klëmmt op fënnef - iwwer 200 Blesséierter
Um Chrëschtmaart zu Magdeburg ass e Freideg den Owend een Autoschauffer mat héijer Vitess an eng Grupp vu Leit gefuer.
No der Attack op de Chrëschtmaart zu Magdeburg ass d'Zuel vun den Doudegen op fënnef geklommen, dat huet de Ministerpresident vu Sachsen-Anhalt Reiner Haseloff e Samschdeg de Mëtteg virun der Press erkläert. Hien huet weider vun iwwer 200 Blesséierten, vill dovunner liewensgeféierlech oder schwéier blesséiert.
Wéi et e Samschdeg de Moie vu Focus a vun der däitscher "Bild Zeitung" geheescht huet, wieren 41 Persoune liewensgeféierlech blesséiert ginn. Et géif 86 Schwéierblesséierter ginn an 78 weider Persounen hätte liicht Blessuren.
De Regierungsspriecher Matthias Schuppe huet e Freideg den Owend dem MDR SACHSEN-ANHALT géigeniwwer vun engem "Uschlag" geschwat. De Chauffer vum Auto wier festgeholl ginn, huet hien dem MDR géigeniwwer confirméiert.
De Chrëschtmaart zu Magdeburg wier gutt ofgeséchert gewiescht, ënnert anerem mat Betonsbléck, heescht et vun der Plaz. Et hätt Ofspärunge ginn an och d'Leit wiere kontrolléiert ginn, ob se z.B. kee Messer dobäi haten. Et kéint ee sech aktuell net erklären, wéi den Auto erafuere konnt. Den Täter hätt den Auto iwwerdeems gelount.
En Auto ass an d'Leit gefuer, déi grad tëscht de Bude vum Chrëschtmaart spadséiert sinn. D'Leit sinn a Panik fortgelaf, wat een och an engem Video gesäit, deen op de soziale Medien zirkuléiert. Den Auto mam Täter wier op d'mannst 400 Meter iwwert de Chrëschtmaart gefuer, heescht et vun engem Policespriecher.
Fir déi Blesséiert sur place ze behandelen, goufen Zelter opgeriicht.

Täter war Dokter a Sachsen-Anhalt
Leschten Informatiounen no soll et sech beim Täter ëm e 50 Joer ale Mann aus Saudi-Arabien handelen, deen als Dokter zu Bernburg geschafft huet. E wier 2006 an Däitschland komm an hat eng permanent Openthaltsgeneemegung. De Ministerpresident Haseloff sot, et géif sech ëm en Eenzeltäter handelen an et géif elo keng Gefor méi fir d'Bevëlkerung bestoen. Alles Weideres soll elo d'Enquête klären, huet och nach emol d'Inneministesch Tamara Zieschang op enger Pressekonferenz kuerz no 23 Auer matgedeelt.
D'Buergermeeschtesch vu Magdeburg Simone Borris hat mat de Wierder ze kämpfen an huet sech zudéifst betraff gewisen. Si huet matgedeelt, dass een d'Méiglechkeet géif schafen, an der Johanniskirche den Affer ze gedenken. Fir e Samschdeg um 19 Auer ass dann och eng gemeinsam Gedenkstonn am Dom zu Magdeburg.
De Ministerpresident Haseloff huet wësse gedoen, dass am ganze Bundesland Sachsen-Anhalt d'Fändelen op Hallefmast gehaange ginn, fir den Affer ze gedenken.

© DORTHE HEIN dpa-Zentralbilddpa Picture-Alliance via AFP
Police freet no Zeien
D'Police vu Magdeburg huet dann och e Portal ageriicht, wou eventuell Zeien hir Biller a Videoe kënnen hischécken, fir déi genee Ëmstänn vun der Attack ze klären.

© Heiko Rebsch / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Keng Bomm am Täter-Auto fonnt
D'Police vu Magdeburg hat d'Regioun ronderëm d'Gefier groussraimeg ofgespaart, well een dovunner ausgeet, dass sech eng Bomm dra kéint befannen. De Service Deminage gouf op d'Plaz geruff, fir sech d'Gefier méi genee unzekucken. Kuerz virun Hallefnuecht e Samschdeg koum dunn awer d'Entwarnung, dass keng Bomm fonnt gouf.

© AFP
Policeasaz zu Bernburg
D'Mitteldeutsche Zeitung mellt kuerz virun 23 Auer, dass et nach um Freideg den Owend zu engem Policeasaz an der Christianstraße zu Bernburg koum. Schwéier arméiert Beamten hätte bei de Leit geschellt an no enger Persoun gesicht. Géintiwwer der Zeitung gouf den Asaz bestätegt a fir Detailer un d'Police vu Magdeburg verwisen. De presuméierten Täter huet zu Bernburg gelieft an do als Dokter geschafft.
Chrëschtmaart zu Erfurt gouf geraumt
Wéi den MDR mellt, wier aus Sécherheetsgrënn de Chrëschtmaart zu Erfurt geraumt ginn. Reporter vun der Plaz mellen, dass deementspriechend Duerchsoe via Lautsprecher ze héiere wieren. D'Police wier och mat vill Leit sur place.