Gedenkfeiere vun zwee verschiddene politesche Lager um Méindeg

3 Deeg nom schlëmmen Uschlag op de Chrëschtmaart waren et zu Magdeburg 2 friddlech Manifestatiounen, fir de Schock vun e Freideg ze verschaffen.
Um Freideg hat ee 50 Joer ale Mann aus Saudi-Arabien bei der Attack op dee Maart 5 Leit ëmbruecht, 200 Mënschen deels uerg verwonnt.
Um Méindeg hunn Honnerte Bierger bei enger Maniff un d'Affer vum Uschlag erënnert a sech géint politesch Recuperatioun duerch Riets positionéiert. Déi Mënscheketten-Aktioun koum vun der Initiativ "Gib Hass keine Chance" an dem Bistum vu Magdeburg.
Och um Méindeg den Owend ware ganz vill Leit bei der Maniff vun der AfD, dat ënner dem Motto "Trauer vereint - Für eine sichere Zukunft", wou eng "richteg Opklärung vun der Wansinnsdot" gefuerdert gouf.
