Net wäit vu Baaschtnech war et e Méindeg zu engem schwéieren Accident komm. En Automobilist ass gestuerwen, nodeems hien engem Camion drop gerannt war.

Wéi déi belsch Zeitung "L'Avenir" matdeelt, war et e Méindeg op der N4 bei Baaschtnech zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion komm. Den Automobilist, deen dobäi schwéier blesséiert gouf, ass der Zeitung no een Dag méi spéit op Hellegowend am Spidol gestuerwen.

"L'Avenir" no war de Mann, deen ëm 50 Joer al war an eng Fra an e Kand vu 17 Joer hannerléisst, um Wee heem vun der Aarbecht zu Lëtzebuerg. Hien huet zu Sauvenière an der wallounescher Regioun an der Provënz Namur gewunnt - eng zwou Stonne vun der Lëtzebuerger Haaptstad ewech.