Chauffer hat wuel Sträit mat sengem Chef iwwer Suen
© AFP/Archiv/INA FASSBENDER
Den 31. Dezember gouf jo e Mann a Baden-Württemberg erschoss, nodeems hie mat engem Bagger grousse Schued ugeriicht an och Poliziste blesséiert hat.
Hannergrond ass wuel e Sträit mat sengem Chef iwwer Suen. Dat huet den zoustännege Parquet däitsche Medie géigeniwwer confirméiert, nodeems e puer Noriichteportaler dat gemellt haten.
Et hätt eng Geriichtsaffär iwwer Paie ginn, déi nach net bezuelt waren. Den Täter hätt deelweis souguer Recht kritt.
Mam Bagger hat hien awer d'lescht Woch dunn um Site vun der Baufirma vill Schued ugeriicht an duerno och bei der Garage, déi dem Proprietär vun der Baufirma gehéiert. D'Police hat versicht, hien ze stoppen, um Enn gouf hien allerdéngs erschoss.