De Mike Johnson gouf als Spriecher vum Representantenhaus zeréckgewielt

© AFP
De Republikaner Mike Johnson ass als Spriecher vum amerikanesche Representantenhaus zeréckgewielt ginn.
Dat an enger Ofstëmmung, déi bis zum Schluss spannend war.
Well d'Majoritéit vun de Republikaner am Representantenhaus esou knapp ass, duerft den Johnson nëmmen zwou Stëmmen aus den eegen Reie verléieren.
Am Virfeld haten allerdéngs dräi Republikaner annoncéiert, net fir den Johnson ze stëmmen. Ma zwee dovunner hu sech no zéie Verhandlungen am leschte Moment ëmentscheet, sou dass den Johnson schliisslech awer a sengem Amt confirméiert gouf.
Um Enn kënnt den Johnson op 218 Stëmmen, den demokratesche Géigner Jeffries kënnt op 215. Eng Stëmm goung un en anere Member vum Haus.
Dem Mike Johnson seng Kandidatur fir de Poste vum Spriecher vum Representantenhaus gouf vum Donald Trump ënnerstëtzt.