Bundespresident invitéiert FPÖ-Chef Kickl fir Gespréicher, Stocker gëtt ÖVP-Chef

© GEORG HOCHMUTH / APA-Picture Desk / APA-PictureDesk via AFP
Nodeems d'Koalitiounsverhandlungen an Éisträich e Samschdeg endgülteg gescheitert sinn, hat de Bundeskanzler Nehammer jo politesch Konsequenze gezunn.
Hien huet annoncéiert esouwuel als Bundeskanzler ewéi och als Chef vu senger Partei, der konservativer ÖVP ze demissionéieren. D'Leedung vun der ÖVP wäert dann am Interim vum Generalsekretär vun der Partei Christian Stocker iwwerholl ginn.
E Sonndegnomëtteg war et dann ausserdeem d'Nouvelle, datt de Bundespresident Alexander Van der Bellen den FPÖ-Chef Herbert Kickl fir eng Entrevue e Méindeg invitéiert. Et dierft drop erauslafen, datt de Kickl den Optrag kritt, Koalitiounsgespréicher ze féieren.
Den Interimschef vun der ÖVP Stocker huet dann och annoncéiert, datt een esou eng Invitatioun och unhuele géing. Bis elo hat ee bei der ÖVP refuséiert, an eng Koalitioun mat der FPÖ ze goen, an där den Herbert Kickl Kanzler géing ginn. Ma no der annoncéierter Demissioun vum Karl Nehammer als Parteichef a Kanzler schéngt dës Rout Linn net méi ze existéieren. Déi rietsextreem FPÖ hat bei de Walen d’lescht Joer déi meeschte Stëmme kritt, gouf awer bis elo vun deenen anere Parteien ignoréiert.