Aus Grönland soll "Red, White and Blueland" ginn

© AFP
Den US-President Donald Trump hat jo wësse gedoen, datt hien aus Grönland US-Territoire maache wéilt.
De Republikaner huet an där Affär elo och Ënnerstëtzung aus dem US-Kongress. Den Donald Trump huet elo, engem entspriechende Gesetzesentworf no, fräi Hand beim Kaf vum däneschen Territoire. An der Suite soll den Numm am engleschen offiziell vu "Greenland" op "Red, White and Blueland" geännert ginn.
Dänemark a Grönland hunn hirersäits ëmmer nees betount, dass d'Insel net zum Verkaf steet. Dat schéngt dem US-President allerdéngs relativ egal ze sinn. Hien zweiwelt drun, datt Dänemark rechtlech en Usproch op den Territoire huet.
Donieft behaapt hien, datt d'Bevëlkerung vu Grönland majoritär dofir wier, Deel vun den USA ze ginn. Eng rezent Ëmfro schwätzt allerdéngs géint dës Behaaptung vum Donald Trump. An där hu sech nämlech 85 Prozent vun de Befroten dogéint ausgeschwat. An Dänemark gouf elo esouguer eng satiresch Petitioun lancéiert, déi Ënnerschrëften dofir sammelt, den USA am Géigenzuch Kalifornien ofzekafen.