Iwwer zwou Wochen nom déidleche Fligerongléck zu Washington mat 67 Doudesaffer hunn d'Enquêteuren éischt Resultater zu der méiglecher Ursaach presentéiert.

Deemno kéinte virleefegen Erkenntnisser no Problemer mat den Instrumenter an der Kommunikatioun Grond fir d'Kollisioun tëscht dem Passagéierfliger an dem Militärhelikopter gewiescht sinn. Dat huet d'US-Verkéierssécherheet NTSB e Freideg matgedeelt a betount, datt den Ofschloss vun den Ermëttlungen awer bis zu engem Joer dauere kéint.

Éischt Resultater géingen der NTSB-Cheffin Jennifer Homendy no dorop schléissen, datt d'Fluchsécherung e puer Minutte virum Ongléck eng Warnung un de Pilot vum Helikopter geschéckt hätt. Dora wier d'Crew vum Helikopter virum Passagéierfliger gewarnt ginn, deen iwwer Washington "gekreest" war.

D'Donnéeë vum Helikopter-Wrack géingen allerdéngs weisen, datt d'Noriicht gedämpft empfaange gouf an d'Wuer "circling", also kreesend, onverständlech war. Den Apparat, fir Stëmmen op ze huelen, soll deemno wuel Sekonne virun der Kollisioun d'Uweisungen, fir dem Passagéierfliger auszewäichen, net registréiert hunn.

17 Sekonne virun der Kollisioun wier op béide Stëmme-Rekorder e Funk vun der Fluchsécherung ze héiere gewiescht, deen den Helikopter "ugewisen huet, hannert dem Passagéierfliger laanscht ze fléien", sot d'Jennifer Homendy weider. D'Donnéeë vum Stëmme-Rekorder vum Helikopter géingen dorop hiweisen, datt de wichtegen Deel vum Funksproch wuel guer net ukomm war. Deemno géing et aktuell esou ausgesinn, wéi wann d'Tast vum Mikro vum Helikopter wärend der Kommunikatioun mat de Fluchlotsen op stomm geschalt war.

Enn Januar waren e Passagéierfliger an e Militärhelikopter net wäit vum Reagan-Fluchhafen zu Washington kollidéiert. Béid Maschinne sinn an de Potomac-Floss gefall. Déi 64 Leit am Fliger an déi dräi aus dem Helikopter sinn all ëm d'Liewe komm.