Am Berlaymont gouf e Mëttwoch d'Visioun vun der Kommissioun fir Agrikultur a Liewensmëttel presentéiert.

An der europäescher Landwirtschaft gëtt ze wéineg investéiert. De Christophe Hansen geet vun 62 Milliarden Euro aus, déi Baueren an hir Betriber misste stiechen, fir modern, effikass a kompetitiv ze sinn. D‘Kommissioun wëll hinnen zur Säit stoen a mat finanziellen Hëllefen a manner bürokrateschen Hürde méi Previsibilitéit bidden.

De Secteur wär de Garant fir d‘Liewensmëttelsécherheet an Europa. E misst fit gemaach ginn, fir geopolitesch Schocken a Menacen och offiederen ze kënnen, betount de Kommissär fir Landwirtschaft a Liewensmëttel.

D‘Landwirtschaft huet e Generatiounsproblem. An der Moyenne hunn d‘Bauere 57 Joer an der EU. Fir de Kommissär Hansen ass et eng Prioritéit, déi Jonk ze motivéieren, de Betrib vun hiren Elteren z‘iwwerhuelen. Infrastrukture solle moderniséiert an d'Digitaliséierung virugedriwwe ginn.

Kee Bauer soll seng Produiten ënnert dem Maartwäert verkafe mussen, huet de Christophe Hansen ze bedenke ginn. Importer missten déi selwecht Standarde hunn ewéi europäesch Produiten, seet de Kommissär fir Agrikultur.

D‘CO2-Emissiounen an der Agrikultur solle weider erofgoen. Mesurë fir eng Reduktioun sollen attraktiv gi fir Baueren, sot de Lëtzebuerger. Et dierft ee se net zwéngen.

Nieft dem zoustännege Kommissär Christophe Hansen war och de Vize-President vun der neier EU-Kommissioun Raffaele Fitto bei der Presentatioun mat dobäi.

EU-Agrikultur: D'Bauere sollen nees méi an de Mëttelpunkt réckelen
Am Berlaymont gouf e Mëttwoch d'Visioun vun der Kommissioun fir Agrikultur a Liewensmëttel presentéiert.