Famill gëtt d'Sich nom Johann Williams net op
Zanter dem 13. Februar gëtt de Johann Williams vermësst.
Den 20 Joer jonke Mann, deen iwwert seng Famill ee Lien mat Lëtzebuerg huet, war op der griichescher Insel Kreta an der Vakanz, wou hie warscheinlech op den 2.000 Meter héije Bierg Gingalos klamme wollt. Zanter 12 Deeg gëtt et awer kee Liewenszeeche méi vun him. Seng Famill probéiert alles, fir de Johann erëmzefannen. Wärend si sech bei der Sich vun de lokalen Autoritéiten net genuch ënnerstëtzt fillen, gëtt d'Zäit ëmmer méi zum Géigner.
D'Famill vum Student, deen et gewinnt ass, Trailen ze goen, geet dovunner aus, datt hie gefall ass a sech blesséiert huet. Hien huet sech zwar net gemellt, fir no Hëllef ze froen, mee kuerz viru sengem Verschwannen nach seng Coordonnée per Handy geschéckt. Leider hätten déi griichesch Autoritéiten am Ufank op enger falscher Plaz gesicht. Mëttlerweil organiséiert d'Famill d'Sich zu engem gudden Deel selwer.
Lara Williams (Schwëster vum Johann):
"Wir haben auch einen Hundespezialisten eingeflogen, wir haben auch andere Menschen eingeflogen, die den Berg auch schon zu Fuß abgesucht haben. Und wir haben Angst, dass von griechischer Seite weiterhin die richtigen Einsatzkräfte fehlen werden, jetzt in den kommenden Tagen. Vor allem, da gestern eigentlich der Tag der größten Mobilisierung war und man Johann nicht gefunden hat und jetzt das Wetter schlechter werden soll."
Virun allem den Asaz vum Helikopter schléit an d'Suen. Véier Stonne kaschte ronn 20.000 Euro. Op de soziale Medie rifft een dowéinst zu Spenden op. De Feedback wier immens positiv a géing iwwert de finanzielle Support erausgoen.
"Die Anteilnahme ist riesig und wir sind total dankbar, wirklich unendlich dankbar, dass wir unseren Bruder weiterhin noch suchen können, es bedeutet uns wirklich sehr sehr viel, also von ganzem Herzen Danke. Nicht nur an Menschen, die gespendet haben, an Leute die Tipps geben, die sagen, hey sucht doch mal da, die Kontakte vermitteln, das ist unglaublich wertvoll."
Et kéim lo op all Stonn un. Dowéinst bräicht et dringend direkt méi Hëllef duerch déi griichesch Autoritéiten, zum Beispill bei der Koordinatioun vun deenen eenzelen Ekippen. Wéi grouss d'Hoffnung ass, datt hire Brudder nach lieft, kéint si net soen. Egal wéi géing si sech wënschen, datt si esou laang ënnerstëtzt ginn, bis de Johann fonnt ass.