Een Drëttel vun Doge-Mataarbechter huet gekënnegt
© Photo by SAUL LOEB / AFP
Si hätten en "Eed op d'Verfassung geschwuer" an duerch hir aktuell Verflichtunge kéinte si deen net méi anhalen, esou déi 21 Mataarbechter.
Ronn een Drëttel vun der Mataarbechter vun der nei gegrënnter Administratioun vun der US-Regierung Doge, déi d'Effizienz vum Staat verbessere soll, ass aus Protest géint d'Mesurë vun hirem indirekte Chef Elon Musk zeréckgetrueden. Si hätten en Eed op d'Verfassung ofgeluecht a geschwuer, "dem amerikanesche Vollek ze déngen", esou déi 21 Mataarbechter an engem Bréif un dem Trump seng Stabscheffin vum Wäissen Haus Susan Wiles. De Bréif läit och der Noriichtenagence AFP vir. "Et ass eis awer kloer ginn, datt mir dës Verflichtungen net méi anhale kënnen", heescht et weider am Bréif.
"Mir wäerten eis technesch Fäegkeeten net asetzen, fir decisiv staatlech Computersystemer ze schwächen, sensibel Date vun Amerikaner ze kompromettéieren oder den ëffentlechen Déngscht ofzebauen", esou d'Grupp. Déi 21 Mataarbechter waren u sech Deel vun engem Service mam Numm "United States Digital Service", deen awer op Uerder vum Donald Trump an den Dogeservice agebaut gouf.
Déi dreiwend Kraaft hannert dem Service, deen Effizienz vum US-Staat virundreiwe soll, ass de Beroder vum Donald Trump Elon Musk. Bei de Mataarbechter, déi elo gekënnegt hunn, handelt et sech ëm "politesch Relikten", déi vun doheem aus geschafft hunn a sech geweigert hätten, an de Büro ze kommen, esou de Musk op X. "Si wieren entlooss ginn, wa si net gekënnegt hätten", esou den Techmiliardär weider.
Nodeem den Trump am Januar ugetrueden ass, ass hien amgaangen, d'Autoritéiten am Land an engem héijen Tempo ëmzestrukturéieren. Hien huet dem Musk den Optrag ginn, fir d'Käschten an d'Personal an de Ministèren an Autoritéiten ofzebauen.
Den Techmilliardär ass d'Gesiicht vun Doge, awer net hire Chef. De Service fir Effizienz gëtt vum Amy Gleason geleet, esou US-Medien en Dënschdeg. Nodeems d'Wäisst Haus an der leschter Woch kloergestallt huet, datt de Musk "keen tatsächlechen oder formelle Pouvoir huet, fir Decisiounen ze huelen", gouf laang driwwer spekuléiert, wien de Service elo offiziell leet.
De Musk ass kee Minister, mä huet de Statut vun engem "besonnesche Mataarbechter vun der Regierung". An awer wäert hien e Mëttwoch bei der éischter Sëtzung vum Cabinet ënnert dem Donald Trump dobäi sinn. De Chef vum US-Elektroautohiersteller Tesla hat am Walkampf de Rietspopulist Donald Trump mat 270 Milliounen Dollar ënnerstëtzt. Hien ass domadder de gréisste private Sponsor an der Geschicht vun der US-Politik.