Am franséische Mëssbrauchsprozess mat bal 300 Affer huet de Brudder vum Ugeklote seng Schwéiesch beschëllegt, vun den Dote vun hirem Mann gewosst ze hunn.

"Hatt wousst iwwer d'Dote vu sengem Mann Bescheed an huet näischt gemaach", sot de Brudder e Mëttwoch viru Geriicht zu Vannes. D'Ex-Fra hätt dofir suerge kënnen, datt den Ugekloten éischter verhaft hätt kënne ginn.

De Brudder huet senger fréierer Schwéiesch reprochéiert, datt si aus finanziellem Interêt mat hirem Mann zesumme bliwwe wier. Nieft him hätt si e puer Affäre gehat.

D'Fra hat sech 2023 vun hirem Mann scheede gelooss. Viru Kuerzem hat si an engem Interview betount, datt si näischt vun den Dote vun hirem Mann geaant hätt. En Dënschdeg war si schonn an d'Geriicht komm, dat vermummt mat enger grousser Kaputz an enger Mask.

Fra soll vu Faibel fir Kanner gewosst hunn

Hiren Ex-Mann, de 74 Joer ale Chirurg Joël Le Scouarnec, muss sech wéinst Mëssbrauch vun 299 Patiente viru Geriicht veräntwerten. Seng Affer waren an der Moyenne 11 Joer al. Den Dokter hat fir den Optakt vum Prozess seng Dote gréisstendeels gestanen. De Uklo no huet hie sech u jonke Patientinnen a Patienten ënnert dem Virwand vun Ënnersichungen oder wärend si ënner Narkos waren, vergraff.

Seng Ex-Fra soll nach am Laf vum Mëttwoch viru Geriicht aussoen, well et Hiweiser dorop gëtt, datt si eppes gewosst kéint hunn. An den Tagebicher vum Ugekloten, déi d'Zeitung "Le Monde" deels publizéiert huet, huet de Le Scouarnec schonn 1996 geschriwwen, datt seng Fra wéisst, datt hie sech vu Kanner ugezu géing fillen.

Éischt Verurteelung wéinst Mëssbrauch

Schonn 2005 war hien eng éischt Kéier wéinst dem Besëtz vu kannerpornographesche Biller zu enger Prisongsstrof op Sursis verurteelt ginn. Donieft gëtt et en handgeschriwwene Bréif vun 2010, an deem seng Fra hie freet, hie jéngste Bouf zu schounen, deen als eenzegen näischt vun der Vergaangenheet vu sengem Papp géing wëssen.

2020 war de Le Scouarnec zu 15 Joer Prisong verurteelt ginn, well hie véier Meedercher mëssbraucht hat, ënnert hinnen zwou vu sengen Niessen an déi sechs Joer al Duechter vu sengen Noperen. Duerch de Fall vum Nopeschkand war eng Perquisitioun lancéiert ginn, woumat de Mëssbrauch u Masse vu jonke Patienten un d'Liicht koum.

En Dënschdeg haten d'Bouwe vun Le Scouarnec ausgesot. Alle béid hu vun enger glécklecher Kandheet a vum Schock geschwat, wéi si vun den Dote gewuer goufen.