Doud vum Hollywoodstar a senger Fra "verdächteg": Pëlle goufe bei Läich fonnt

© AFP (Archiv)
Den Gene Hackman a seng Fra schénge scho méi laang dout gewiescht ze sinn. Nieft der Läich vun der Betsy Arakawa goufe Pëlle fonnt.
D'Hollywood-Legend Gene Hackman (95) a seng Fra Betsy Arakawa (63) goufen e Mëttwoch dout an hirer Wunneng fonnt. Elo geet d'Sich no der Ursaach vum Doud weider.
Wéi TMZ mellt, wier dem Hackman seng Fra schonn "eng gutt Zäit" dout. Hir Läich louch am Buedzëmmer, wou an der Géigend och Pëllen, déi ee verschriwwe muss kréien, verstreet ronderëm louchen. Dem Oscar-Gewënner säi Kierper hätt een ugedoen an engem aneren Zëmmer fonnt. Weider Medie mellen, datt d'Kierper vun deenen Zwee schonn zum Deel mumifizéiert gewiescht solle sinn a bei der Betsy Arakawa hätten d'Hänn a Féiss schonn Unzeeche vu Verweesung gewisen. Änleches wier och beim Gene Hackman de Fall gewiescht sinn. Dëst deit drop hin, datt se scho méi laang dout wieren.
Weider wier ee vun hiren Hënn dout fonnt ginn. Verschidde Medie schreiwen, d'Déier hätt am Zwinger geleeën, anerer mellen, et wier an engem Schaf an der Géigend vum Buedzëmmer fonnt ginn. Zwee anerer Hënn hunn nach gelieft.
D'Ermëttler klasséieren den Doud vun der Koppel als "verdächteg" an. Dowéinst wier elo eng detailléiert Ënnersichung néideg. Dem Bericht vun der Police no gouf et awer keen Indice, datt eng oder méi drëtt Persoune mat Gewalt an d'Haus agedronge wieren. Och ass een der Pist vun enger Kuelemonoxidvergëftung nogaangen, ma weder d'Pompjeeën nach de Gasliwwerant konnt eng Fuite entdecken. Dem Gene Hackman seng Duechter Elizabeth Jean hat dës Doudesursaach an engem Interview an d'Gespréich bruecht.
Eng offiziell Doudesursaach gouf nach net genannt. Indicen op e Verbrieche gëtt et net an et gouf och kee Schreiwes vun engem vun deenen Zwee fonnt. Et wéilt een elo awer net roden, ob et an Accident oder en natierlechen Doud wa, heescht et vun den Ermëttler. Kloer ass just, datt dës Doudesfäll net typesch sinn. D'Autopsië solle fir méi Kloerheet suergen.