Hollywood-Star Gene Hackman a seng Fra dout fonnt

Archivfoto. / © Don Simpson / Jerry Bruckheimer / Collection ChristopheL via AFP
D' Hollywood-Legend Gene Hackman a seng Fra Betsy Arakawa sinn US-Medien no dout fonnt ginn.
De Schauspiller war 95 Joer al, seng Fra 63. Déi zwee wieren an hirem Doheem zu Santa Fe am US-Bundesstaat New Mexico nieft hirem Hond fonnt ginn, deen och verstuerwen ass. D'Koppel war zanter 1991 bestuet.
De Büro vum Sheriff vu Santa Fe sot Sky News géigeniwwer: "Mir mengen net, datt Friemverschëlden ee Faktor am Doud vun der Koppel war, ma déi genee Doudesursaach ass nach net etabléiert." D'Beamten waren op der Plaz, nodeems si gefrot goufen, ze kucken, ob bei der Koppel alles an der Rei wier, schreift CNN.
Den Gene Hackman gouf den 30. Januar 1930 a Kalifornien gebuer a gouf mat senger Roll am Film "French Connection" (1971) bekannt. Fir dës Roll krut hien dann och säin éischten Oscar. Säin zweeten Oscar krut hie fir de Western "Unforgiven" am Joer 1992.
De Kalifornier, deen zäitweis mat senge Schauspiller-Kolleegen Dustin Hoffman a Robert Duvall an enger WG zesummegewunnt huet, krut a senger Karriär ausserdeem véier Golden Globes. Hie war och bekannt fir seng Roll als Lex Luthor an de Superman-Filmer vun de 70er an 80er Joren.
D'Betsy Arakawa war Medieberichter no zanter den 80er Jore mam Hollywood-Star zesummen. Si hate keng Kanner zesummen, ma den Gene Hackman hannerléisst dräi Kanner aus sengem éischte Bestietnis. D'Betsy Arakawa war eng klassesch trainéiert Pianistin.