Luc Frieden war net am Virfeld iwwer Diskussiounen am Conseil informéiert

© Dursun Aydemir / Anadolu / Anadolu via AFP
De Premier Luc Frieden war net am Virfeld iwwer Diskussiounen am Conseil vun den EU-Ausseministeren zur Situatioun am Kongo informéiert.
Dat huet hien en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber op eng Fro vun der grénger Deputéiert Sam Tanson geäntwert. Ma dat wier och net üblech, wann et keen offizielle Vott am Conseil géif ginn.
Hannergrond ware Medieberichter, deenen no de Lëtzebuerger Ausseminister als eenzege Sanktioune géint de Ruanda am Conseil soll blockéiert hunn. Dësen huet sech en Dënschdeg awer géint dës Duerstellung gewiert. Et hätte guer keng Sanktiounen um Dësch geleeën. Hien hätt just gefrot, fir eng méiglech Reunioun tëscht de Konfliktparteien ofzewaarden.
Antëscht ass awer wuel festgehale ginn, datt 10 Persoune solle sanktionéiert ginn. Nächst Woch soll dës Lëscht da vun de permanente Vertrieder vun de Memberlänner ugeholl ginn, ier se dann nach offiziell vun den EU-Ausseministeren de 17. Mäerz approuvéiert muss ginn.
Op Initiativ vun der Sam Tanson ass dann en Dënschdegmëtteg och nach eng Motioun gestëmmt ginn, mat där déi Lëtzebuerger Regierung opgefuerdert gëtt, sech bei der Regierung vum Ruanda dofir anzesetzen, datt d'Truppe sech aus dem Kongo zeréckzéien. Donieft soll Lëtzebuerg Sanktioune géint déi Verantwortlech aus dem Ruanda ënnerstëtzen a sech op diplomateschem Niveau fir eng Solutioun vum Konflikt asetzen.
Zum Theema vun der Unanimitéit vun Decisiounen op EU-Niveau huet de Luc Frieden sech awer dofir ausgeschwat, datt bei Decisiounen an der europäescher Aussepolitik den Unanimitéitsprinzip soll ofgeschaaft ginn. Et wier net richteg, wann ee Land all déi aner kéint blockéieren. Vläicht bräicht een a verschiddene Beräicher eng Zort "super qualifizéiert Majoritéit", esou nach de Luc Frieden, deen och annoncéiert huet, datt e Grupp vu Länner, dorënner Lëtzebuerg, bis de Summer wëlle Propositioune virleeën, wéi een de Prinzip vun der Unanimitéit an der Aussepolitik an Zukunft kann ersetzen.