Zanter dem 2. Abrëll heescht et: Your ETA, please!

© Pixabay
Wien an de UK areese wëll, brauch zanter e Mëttwoch eng Electronic Travel Authorization. Hei gitt Dir gewuer, wéi Dir se kritt a wat se kascht.
Zanter dem 2. Abrëll geet de Pass eleng net méi duer, fir an dat Vereenegt Kinnekräich anzereesen. Dës Electronic Travel Authorization erlaabt et de britteschen Autoritéiten, schonn am Virfeld déi Persounen z'iwwerpréiwen, déi ouni Visum bei hinnen areese wëllen. Sou soll zum Beispill illegal Awanderung ënnerbonne ginn.
Gefrot ginn Numm, Adress, Passfoto, eng aner Foto, op där déi concernéiert Persoun méi al wéi 9 Joer ass, eng Rei Sécherheetsfroen an ob ee virbestrooft bass. Och Kanner mussen eng Demande ausfëllen. Dat alles gëtt een am beschten iwwer d'App vum britteschen Inneministère an. Wie kee passende Smartphone dofir huet, kann et och iwwert en normale Computer maachen.

© Pixabay
Eng erfollegräich Ufro gëtt Iech d'Berechtegung fir Reesen an Openthalter vu bis zu 6 Méint, an engem Zäitraum vun 2 Joer. Wärend där Zäit muss natierlech och de Reespass gülteg sinn. Déi meescht Ufroen dierften automatiséiert bannent Minutten erleedegt sinn, offiziell gëtt awer vun enger Beaarbechtungszäit vun 2 bis 3 Deeg geschwat. Also net ze laang waarden - et kann een zwar ouni Confirmatioun lassfléien, awer mam Risk, dann ouni Geneemegung um Flughafe vun der Destinatioun festzehänken, bis den OK do ass. Dat selwecht gëllt fir Reese mat enger Fär.
Keng ETA brauch een iwwregens, wann ee just a Groussbritannien tëschelant an den Transitberäich vum Flughafen net verléisst.
Natierlech kascht dat alles eppes - d'Britte rechne mat Recetten a Milliardenhéicht - ugangs sinn et 12 Euro fir d'ETA, déi am Laf vun den nächste Méint op 19 Euro gehéicht wäert ginn. Wien also wëlles huet, an noer Zukunft an d'Vereenegt Kinnekräich (England, Schottland, Nordirland, Wales) ze reesen, mécht sech am beschten elo scho bäi.
Bei esou Demarchë muss een awer och ëmmer op Onéierlecher oppassen. Och schonn am Zesummenhang mat ETA ginn et Warnunge virun Arnaquen. Et géif vill falsch Internetsäite ginn, déi ganz änlech heesche wéi déi richteg. Hei géif een entweder méi en héije Präis gefrot ginn oder et géif versicht ginn, d'Kreditkaarten-Donnéeën ze klauen.
Dofir gëtt geroden, den Numm vun der Säit duebel an dräifach ze kontrolléieren oder iwwer de brittesche Regierungssite gov.uk drop zouzegräifen. Hei fannt Dir iwwregens de richtegen ETA-Site.